Onse politesche System

Wat ënnerscheet de Mënsch vum Déier?

 

Wann een sech d’Äerd a seng Bewunner ukuckt, stellt e fest, dass all Liewewiesen eng gewëssen Intelligenz an Instinkter hunn. Wat den IQ méi grouss ass, wat d’Instinkter méi schwach sinn.

Den Ënnerscheet Mënsch/Déier ka just duerch dem Mënsch seng iwwerméisseg Intelligenz am Verglach zu där vun den Déiere gemaach ginn. Biologesch ënnerscheede mir ons net dramatesch vun deenen anere Säugetiere.

En Déier, dat aner Déieren ësst, mécht sech doriwwer keng Gedanken. Eng gewëssen Zuel u Mënsche hunn awer ethesch e Problem domat aner Liewewiesen z’iessen. Firwat? Empathie!

 

Wat ass Empathie?

Wikipedia schwätzt vun Empathie vum Mënsch fir aner Mënschen. Et ass awer Fakt, dass och Déieren Empathie fir Mënschen emfanne kënnen, an ëmgedréint. Trotzdem maachen sech Déiere keng Gedanken doriwwer, wann se aner Déieren iessen. Si handelen instinktiv. Si handelen esou wéi si et vun hiren Elteren, oder hiren Aart-Genosse geléiert hunn. Och dat ass bei ville Mënschen anescht. Ons Intelligenz erméiglecht et ons, dat wat mir vun onsen Elteren a Matmënsche geléiert hunn, opgrond vun engem bestëmmten Erliefnes a Fro ze stellen, an ons eegen Handlungsweis ze entwéckelen. Aus deem Grond gëtt et haut vill Veganer a Vegetarier. De Mënsch weess dass ë keen Déier muss iessen fir ze iwwerliewen.

 

Wéi gesäit dat aus ethescher Siicht aus? Et gëtt verschidde Grënn, firwat Mënsche Vegetarier oder Veganer sinn. Et resultéiert net nëmmen aus der Erkenntnes, dass mir keng Déieren iesse MUSSEN. Zemools di aktuell Aart a Weis, wéi mir Déiere fir ons Ernierung halen, hu vill Mënschen dozou bruecht, kee Fleesch (oder aner Deeler vun engem Déier) méi z’iessen, oder de Konsum vu Fleesch massiv anzeschränken. Hei spillt d’Empathie, also d’Matgefill fir déi betraffen Déieren, eng Roll.

 

Wat ënnerscheet de Mënsch nach vum Déier?

Spontan fält mir do ons präzis Kommunikatioun an. Allerdéngs ass net all Mënsch zu präziser, verständlecher Kommunikatioun fäeg, wat oft de Grond fir Mëssverständnesser a Sträit ass.

Natierlech hänkt e positiivt Resultat bei der Kommunikatioun tëschent 2 Mënschen och dovunner of, wat den eenzele Mënsch wëll. Wëllen déi zwee net dat sälwecht, stellt sech di Fro: Ass dat eent richteg oder dat anert, a vu wat hänkt dat of? Gëtt et just e Richteg an e Falsch, oder ass dat vu Sujet zu Sujet anescht? Bsp.: E Raum, 2 Mënschen, Temperatur 20°C. Deem engen ass et ze warm, oder deem aneren ze kal. Wier et da méi richteg dass et just fir e vun deenen 2 gutt ass, oder dass d’Temperatur esou agestallt gëtt, dass béid Persounen gläichermoossen (on)zefridde sinn? Natierlech wier d’Situatioun erëm anescht, wann 3 Leit am Raum wieren. Och iwwert esou Saache maachen sech Déiere keng Gedanken. Eng grouss Zuel Mënschen allerdéngs och net.

 

An enger moderner Gesellschaft leet de Staat d’Reegele a Form vu Gesetzer fest, no deenen sech all Mënsche riichte sollen, a leet Strofe fest, fir de Fall dass e Mënsch sech net un d’Gesetzer hält. De Staat huet also d’Muecht, dem Rescht vun der Gesellschaft hir Opfaassung vu Richteg oder Falsch op ze zwéngen.

 

 

 

Dat ass eng grouss Verantwortung, a kann, am Fall vu Mëssbrauch vun där Verantwortung, oder einfach nëmme falschen Iwwerleeungen, désastréis Konsequenze no sech zéien.

 

Firwat ass also onse politeschen a gesellschaftleche System esou, dass mir enger klenger Zuel Mënschen esou vill Verantwortung, oder besser gesot, Muecht ginn?

Ass et villäicht esou, dass mir d’Verantwortung net wëllen, an et ons besser gefält e Sënnebock ze hunn, dee mir, wann et sech erausstellt dass Feeler gemaach goufen, ukloe kënnen, wann och just op ethescher Basis? Si mir ze bequem fir selwer Verantwortung ze iwwerhuelen?

Wa mir dat wéilten änneren, wéi schwiereg wier dat?

 

De Grondprinzip vun der Demokratie ass, dass dem Wëlle vun der Majoritéit Rechnung gedroe gëtt. Et gëtt vill Länner, déi offiziell als Demokratie gefouert ginn. Wann een dat allerdéngs analyséiert, muss e feststellen, dass déi esou genannten Demokratien de facto ganz anescht funktionéieren.

 

Et ass utopesch ze gleewen, dass mir an enger Demokratie liewen, well mir net kënnen sécher sinn:

  1. dass deen sech zur Wal gestallte Politiker déi Moossnamen, déi e virun de Walen ugekënnegt huet, och wierklech no de Walen ëmsetze kann an/oder wëll

  2. dee Politiker aus net eegennëtzege Motiver wëll gewielt ginn, also fir vun all de Virdeeler ,déi e Volleksvertrieder huet, ze profitéieren

  3. dass d’Majoritéit vun de Bierger no de Walen nach Afloss dorop huet, wat d’Regierung bannent de 5 Joer vun enger Legislatur Period mécht

  4. dass di meescht-gewielte Leit an d’Regierung kommen

  5. dass de Wëlle vun der Majoritéit vun de Bierger ëmgesat gëtt, well kee Volleksvertrieder bei all Fro wësse kann, wat d’Majoritéit vun de Bierger wëll.

  6. dass de Volleksvertrieder just Gesetzer virschléit a stëmmt, déi am beschten Interesse vun der Majoritéit vun de Bierger sinn.

  7. Dass Volleksvertrieder sech net fir finanzielle Bénéfice vu verschiddenen Instanzen iwwerzeege léisst, just deenen hir Interessen duerch ze setzen.

 

Wann sech d’Majoritéit vun de Volleksvertrieder am Parlament bei enger Fro eens ass, heescht dat nach laange net, dass och d’Majoritéit vum Rächt vun de Bierger där Meenung ass.

Déi meescht aktuell demokratesch Systemer si veraalt, a goufen ni dem aktuelle Stand vun der Technologie ugepasst. An der Vergaangenheet war de politesche Prozess wuel net anescht méiglech, wat awer haut anescht ass.

 

Den Internet, deen den 29. Oktober 1969 gebuer gouf, an de Fortschrëtt am IT-Beräich, ënner anerem Technologien ewéi d’Blockchain a portabel Computer, huet ons Politiker net dozou beweegt d’Verantwortung, a virun allem d’Muecht zeréck un de Bierger ze ginn, wat allerdéngs schonn eng gutt Zäit méiglech gewiescht wier.

 

De Mënsch ass am Allgemenge Muecht-gäil, an wann en se bis huet, kënnt d’Iwwerhieflechkeet an de Manktem u perséinlecher a Fro Stellung dobäi, an en deet sech schwéier, di Muecht déi en huet, erëm ofzeginn.

 

 

 

 

Wann engem dat alles aliicht, stellt sech engem eng kruzial Fro:

Wëll ech dat esou weider lafe loossen, oder wëll ech (och wann ech der Meenung sinn, dass ech aktuell just wéineg oder guer keng negativ Konsequenzen an deem System erleide muss) op en aneren, méi modernen an direkt-demokratesche System, wou ech erëm méi Afloss op politesch Entscheedunge kann hunn, iwwergoen?

 

Op déi Fro ginn et 2 kloer Äntwerten: Bleiwen oder iwwergoen.

 

Wat wieren d’Grënn fir um aktuelle System festzehalen?

  1. Mir geet et aktuell mat deem System gutt, an ech hu keng Angscht, dass dat sech wäert änneren.

  2. Ech hu mat Politik näischt um Hut, a wëll meng Zäit kënne mat Aktivitéite verbréngen, déi mir Spaass maachen.

  3. Ech si mat Aarbecht a Famill zäitlech ausgelaascht, an hunn also keng Zäit mech ëm Politik ze këmmeren

  4. Ech denken dass d’Majoritéit vun de Bierger ze domm ass, déi richteg Entscheedungen ze huelen. (ass richteg oder falsch relativ?)

 

 

Wat wiere Grënn fir op e moderne, direkt-demokratesche System iwwer ze goen?

  1. Ech hu gesinn wat ons Politiker am aktuelle System ugeriicht hunn, an hu grouss Angscht virun deem wat se nach wäerten uriichten.

  2. Eng kleng Zuel u Mënschen (Beruff s Politiker) ass méi liicht ze beaflossen ewéi e ganzt Vollek.

  3. Ech fannen den aktuelle System ondemokratesch, a si bereet erëm selwer Verantwortung ze iwwerhuelen, a mat ze entscheeden.

  4. Ech wëll dass just dat gemaach gëtt, wat d’Majoritéit vun de Bierger fir richteg hält, a woumat si d’Accord sinn.

  5. An engem méi modernen, direkt-demokratesche System, wann e global agefouert gëtt, ginn héchst wahrscheinlech keng Kricher méi gefouert, an als Konsequenz net méi esou vill Geld fir Krich s Material an Zerstéierung vun anere Länner ausginn.

 

 

Mir géifen ons iwwert e Feedback, Virschléi fir Verbesserungen an/oder Ergänzungen fir dësen Text vun ärer Säit freeën.

Deelt ons mat wat dir heiriwwer denkt. Keng Freschheeten oder Beleidegungen w.e.g.!