Digital direkt Demokratie

Einfach, modern a gerecht

Variant 1

 

All wielberechtegte Bierger kritt dat Recht...

  • Gesetzesvirschléi anzereechen déi, genau wéi d’PRO und KONTRA Argumentatiounen vun alle Bierger online gelies kënne ginn.

  • bei all Entscheedung mat ofzestëmmen, per App um Handy oder Tablet, iwwert de PC doheem , oder iwwert en ëffentlech zougänglechen Terminal an de Gebaier vun den Administratiounen.

 

 

De Volleksvertrieder, wéi mir en haut kennen, gëtt net méi gebraucht.

D’Parlamenter gi just nach fir ëffentlech Debatten iwwer spezifesch Themen gebraucht, déi all live iwwert déi speziell online Plattform iwwerdroen, opgeholl a gespäichert ginn, fir vum Bierger zu engem spéideren Zäitpunkt gekuckt kënne ze ginn. (Esou wéi haut Chamber TV)

 

 

De politeschen Engagement vun all berechtegtem Bierger soll, wann et nogewise ka ginn,

  • aus de Staatskeesen bezuelt ginn, an, ofhängeg vum Rentesystem,  als Aarbecht s Zäit unerkannt ginn.
    oder

  • dem Iwwerstonne Konto beim Employeur, deen ugemiesse vum Staat entschiedegt gëtt, addéiert ginn.

 

 

All politeschen Engagement, deen nozeweisen ass, gëtt gläichermoosse vum Staat entlount. D’Zäit, déi fir politeschen Engagement vum Bierger geopfert gouf, muss a sengem online Konto festgehale ginn, a vun deem Bierger zu all Moment kënnen nogekuckt ginn. De Bierger ka selwer entscheeden wéivill vun sengem politeschen Engagement hien sech ausbezuele wëll loossen, a wéi vill hien als Iwwerstonnen beim Employeur guttgeschriwwe kritt. Et wäert en zäitleche Quantum u politeschem Engagement festgeluecht ginn, ab deem de Bierger kenger bezuelter Vollzäit Beschäftegung méi nogoe kann, a wou dann déi zousätzlech geopfert Zäit fir politeschen Engagement méi héich bezuelt gëtt. Allerdéngs muss dee Bierger beleeë kënnen, dass hien kee weidert Akommes huet, an eng reduzéiert Aarbechtszäit op senger regulärer Aarbechtsplaz net méiglech ass. Fir dass op der online Plattform net den Uz gedriwwe ka ginn, wäert de System déi reell Aktivitéiten vum Bierger a sengem Konto späicheren, an him no Schléisse vun der online Sessioun op digitalem Wee en detailléierte Bericht iwwermëttelen. Just de Bierger selwer wäert Zougrëff op seng eegen Daten hunn. Dës online Plattform muss maximal ofgeséchert sinn, a just mat 3-fach Authentifizéierung (Benotzer Numm, Passwuert, Handy Code oder LuxTrust Token) zougänglech sinn. De System soll op der Blockchain opgebaut sinn. 

 

Wat sinn d’Folgen vun dëser Variant?

  • Vu dass d’Integralitéit vum wielberechtegte Vollek (ech nennen et de Moment nach esou) d’Muecht iwwert all Entscheedungen huet, an net méi eng kleng Grupp vu Vertrieder, ass et extrem schwiereg fir eenzel extern Instanzen direkten Afloss op d’Entscheedungen ze huelen.

  • Déi héich Politiker Paien, genau ewéi Parteie Finanzéierung an d’Verschwenede vu Gelder fir Walkämpf gehéieren der Vergaangenheet un.

  • Politesch Parteien am konventionelle Sënn wäert et net méi ginn, wouduerch kee méi gezwongen ass, sech enger bestëmmter Grupp unzeschléissen, an där Grupp hir ganz Philosophie mat ze droen.

  • Et wäert all wielberechtegtem Bierger méiglech sinn, sech just mat politeschem Engagement ze beschäftegen.

 

Fir aussepolitesch Ugeleeënheete muss fir all Optrag e kompetente Bierger gewielt a beoptraagt ginn. Ab deem Zäitpunkt, wou di aner Länner dës Form vun der direkter Demokratie iwwerholl hunn, wäerten och Ausland s Reesen ofgeschaf ginn, well ab deem Moment Alles iwwert d’online Plattforme geregelt wäert ginn.

Variant 2

 

All wielberechtegte Bierger soll dat Recht hunn…

  • Gesetzesvirschléi anzereechen, PRO a KONTRA Argumentatiounen, déi vun alle Bierger online agesi kënne ginn, ze schreiwen an ze verëffentlechen.

  • bei all aktuell Entscheedung mat ofzestëmmen, per App um Handy oder Tablet, iwwert de PC doheem, oder iwwert en ëffentlech zougänglechen Terminal an de Gebaier vun den Administratiounen.

 

D‘Vollek muss wéinstens 50% vun der Entscheedung s Muecht hunn. E politesche System, bei dem d’Bierger nëmmen entscheeden dierfe wien an d’Parlament komme „SOLL“, an da guer keen Afloss méi op d’Entscheedungen huet, ass keng Demokratie, mee eng Diktatur.

 

 

All politeschen Engagement deen nozeweisen ass, soll gläicher moossen belount ginn. D’Zäit, déi fir politisch Engagementer vum Bierger geopfert gëtt, muss a sengem online Konto festgehale ginn a vun dësem Bierger zu all Moment agesi kënne ginn.

 

Fir dass kee Larri Farri ka gedriwwe ginn, soll dëse System di reell Aktivitéite vum Bierger op der online Plattform späischeren, an dësem Bierger och all Aktivitéite bei all Ofschloss vun enger Sëtzung op digitalem Wee matdeelen. Just den Bierger selwer soll seng Daten kënne gesinn.

 

Dës Plattform muss maximal ofgeséchert an dierf nëmmen mat 3-fach Authentifizéierung (Benotzernumm, Passwuert, an Handy Code oder Luxtrust Token) zougänglech sinn.

Das System sollte auf der Blockchain aufgebaut sein.

 

 

D‘Auswierkunge vun dëser Variant:

  • Vu dass dat ganzt wielberechtegte Vollek wéinstens 50% vun der Muecht iwwert all Entscheedungen huet, an net méi nëmmen eng kleng Zuel vu Volleksvertrieder, gëtt et vill méi schwéier fir Leit vu Baussen, Afloss op di politesch Entscheedungen ze huelen.

  • De Bierger ass erëm konstant an d’Politik agebonne wann en dat wëll.

  • De Bierger ka Gesetzesvirschléi maache wann en dat wëll.

Deelt ons mat wat dir heiriwwer denkt. Keng Freschheeten oder Beleidegungen w.e.g.!