Kee Merci

Gedanken

02.05.2020

Kee Merci

Ech erwaarde kee Merci fir dat wat ech maachen. Di Leit déi mech de Moment op FB an Telegram verfollegen, an och anerer, déi net vun allem wësse wëllen, respektéiere wat ech maachen. Ech maachen dat well ech weess dass et meng Bestëmmung ass. Wat géif mäi Liewe soss fir ee Sënn maachen, wann ech, ewéi vill anerer, just Zuschauer wier, an nokucke géif wéi alles d'Bach of geet! Et sinn déi, di elo tëschend 30 a 60 Joer al sinn, déi sech ëm dee ganzen Dreck musse këmmeren. Di aner hunn entweder net genuch Liewen s Erfahrung, oder sinn ze al. Di al sollen de Rescht vun hirem Liewen esou gutt ewéi méiglech genéissen, an do wou et evident ass, Guddes maachen, awer ouni sech an de Kacka ze setzen. Mir mussen erëm vill méi op ons ënnerlech Stëmm lauschteren, an dat maache wourop mir henno stolz kënne sinn, ouni vun iergend engem ee Merci ze erwaarden.

Mir goufe vun enger ultra räicher Minoritéit an ee Liewen s Styl gelenkt, an elo gefaange gehal, wou emol kee méi Zäit huet sech Gedanken ze maachen. Alles muss schnell-schnell goen, well soss net genuch Profit gemaach gëtt, a mir kréie wäiss gemaach, et géif keng Alternativ ginn! Déi Leit, déi ons dëse Liewen s Styl opgezwongen hunn, mussen entwaffnet an neutraliséiert ginn. Et sinn Psychopaten, a Psychopaten däerf een net esou vill Afloss op eng ganz Welt loossen.

Mir mussen ons bewosst sinn/ginn, firwat si ons brauchen, an esou man ewéi méiglech vun deem maachen, wat si vun ons erwaarden, fir hiren Afloss a Räichtum ze erhalen. Jidderee misst sech eigentlech elo entscheeden, sech entweder der Wourecht ze stellen, an eppes géint deen ongerechte System ze maachen, oder weider an der Matrix ze liewen, de Bak ze halen an di aner net och nach lächerlech ze maachen an ze boykottéieren.