Gedanken

31.10.2019

D’Basis Wourecht

Wann een ë selwer geschriwwenen Text publizéiert, gëtt ë mat grousser Warscheinlechkeet vu Leit mat ganz verschiddene Backgrounds, Charakter, Erfahrungen a Wëssen gelies. Di eng kënnen dat publizéiert novollzéien, anerer net. Dat hänkt ganz dovunner of, wouran déi Mënschen hir Liewen s Zäit bis zu deem Moment investéiert hunn. Kengem Mënsch säi Liewen s Verlaf ass exakt d'selwecht ewéi engem anere säin. Mir ënnerscheeden ons all, emol méi, emol manner ee vun deem aneren. Trotzdem gehéiere mir all zum grousse Ganze. Wéi eng Persoun op dat, wat ë liest, héiert oder gesäit, reagéiert, hänkt also vu sengem Verständnes dofir, an natierlech vu sengem Charakter of. Feelt dat néidegt Verständnes, hänkt et just vum Charakter of.

 

Firwat schreiwen ech dat?

Well ech di Erfahrung gemaach hunn, dass wann ee säi Wëssen, egal ob kierzlech gewonnen, oder aus der Vergaangenheet, mat anere Leit deelt, ee ganz verschidde Reaktioune kritt.

Di positiv Reaktioune sinn:

Dankbarkeet fir d'Weiderginn vun deem Wëssen

Respekt, well een sech di Méi gemaach huet sech dat Wëssen un ze eegenen

Negativ Reaktioune sinn:​

Lächerlech gemaach ze ginn

Vernannt ze ginn

An onendlech Diskussioune verwéckelt ze ginn, wou ee beschränkten Argumentatiounen ze héiere kritt, well déi Persou, trotz dass se vum Thema keng Ahnung huet, onbedéngt als méi clever do wëll stoen

Aggressioun, sief et verbal oder physesch, well déi Persoun rosen ass, dass een se aus engem falsche Glawe gerappt huet, oder radikal hiert Weltbild zerstéiert huet.

 

Et kann a muss keen Alles wëssen, mee bei den essentielle Saache soll een sech awer der Wourecht stellen, egal a wéi engem Mooss déi Wourecht een an éischter Instanz emotional trëfft. A Fäll, wou een op d'Wourecht zeréckgräife misst, fir eng Entscheedung ze treffen, oder fir an enger Diskussioun korrekt ze argumentéieren, ass et fir deen, deen d'Wourecht kennt, eng extrem Zäitverschwendung, mat Leit ze diskutéieren, déi d'Wourecht net wësse wëllen.

An esou Fäll huet dee Wëssenden 2 Optiounen:

Hien bréngt d’Gedold op, fir deem anere d'Wourecht trotzdem mat cleverer Argumentatioun bäizebréngen, well ë mengt, dass en deem aneren seng Argumenter all widderleeë kann, an deen sech der Wourecht um Enn awer hi gëtt

Et spuert een sech di Zäit fir eng héchst wahrscheinlech sënnlos Diskussioun, a seet: Denk a gleef wat s de wëlls

 

Et ass jo och esou, dass een net all Eenzelen mat der Hand huelen, a bei d'Wourecht féiere kann. Scho guer net wann déi Persoun vill léiwer mat der bequemer Ligen lieft.