04.10.2019

Wuesstem

Wuesstem! Wat heescht dat? Firwat brauche mir Wuesstem?


Wuesstem = Méi Mënschen déi schaffen = méi Aarbecht s Plazen, méi Wunnengen, méi Autoen, méi Entertainment, méi Akafszentren, méi vun Allem wat de Mënsch brauch.
Dat heescht awer och, dass wann net méi Mënsche kuerz virun der Pensioun stierwen, dass mir dono och méi Mënschen hunn, déi a Pensioun ginn.
Jiddereen, deen nëmmen e bësse kloere Mënscheverstand huet, erkennt, dass dat nimools op laang Dauer funktionéiere kann. Wat seet ons dat? Mir liewen am total falsche System.
A wat nach dobäi kënnt:
Fir dass all di Mënschen Plaz hunn, muss d'Natur Plaz maachen.
Ech kann et ëmmer nëmme widderhuelen:
Mir brauchen e System Wiessel, an wat éischter, wat besser.
Dat Gedokters um aktuelle System ass just Zäitverschwendung. Zäit, déi deenen, di an 10-20 Joer an d'Pensioun solle goen, fort leeft.

Gedanken