Gedanken

12.10.2019

Den 1%

Mir si Milliarde Mënschen op der Welt. Et kann net just un e puer eenzelen hänken, wéi et weider geet.
Ech weess genuch vun deem wat essentiell ze wëssen ass, a wëll mat kenger Reliounen eppes ze dinn hunn. Dat war bei mir schonn ëmmer esou.

Dat wat ech weess, zitt mech scho genuch erof. Wann d’Mënschheet net aus dem Déifschlof erwächt, kritt se wat se verdéngt. Leider awer och déi, di et net verdéngt hunn.
Ech maache wat ech kann, fir d’Leit waakreg ze kréien, mee den 1% vun ons huet schonn ze laang d’Fiedem gezunn, sech iwwerall d’Muecht verschaf, an sech op villen Instanzen ofgeséchert. Relioune si just ee Rideau, hannert deem si sech verstoppen.

Ech probéieren esou gutt et mir méiglech ass, en neien direkt-demokratesche politesche System, deen op enger digitaler Plattform baséiert, an de konventionelle Politiker net méi brauch, bekannt ze maachen. Wann dee System bis agefouert wier, géifen sech vill Problemer vum Selwe léisen. Et gëtt ganz vill kleng Gruppen, déi verstan hunn, dass mir e System-Wiessel brauchen. Elo gëlt et all déi Gruppen zesummenzeféieren, an zesummen un engem Strang ze zéien. Et ass absolut sënnlos, an Zäitverschwendung, ze probéieren, positiv Verännerungen am aktuelle System erbäi ze féieren, wann de System selwer de Grond vun de Problemer ass.

Du weess net wéi vill déi aner scho wëssen, an ob et wierklech nach noutwenneg ass, dass jiddereen op de selwechte Wëssen s Stand kënnt.
Wat zielt, ass, dass d’Majoritéit sech bewosst gëtt, dass mir net esou kënne weider maachen. Et gëtt genuch Argumenter, fir de Leit kloer ze maache wéi korrupt de System ass, ouni op Relioune mussen zeréckzegräifen. An deem Punkt hunn sech di Schëlleg wéi gesot ofgeséchert.
Et ass fir ze katzen, wann iergend eng Partei di Wierder “Gerechtegkeet” oder “Fairness” an de Mond huelen, ouni am selwechten Otemzoch vun engem System-Wiessel ze schwätzen. Am aktuelle System wäert et ni Gerechtegkeet a Fairness ginn.
An engem korrekte System kéint et all Mënsch op der Welt gutt goen. Mir misste vill manner schaffen, well mir vill méi séier op technologeschem Plang géifen evoluéieren, a vill méi Aarbecht vu Roboter oder Computer gemaach géif ginn, a well mir e Finanz-System hätten, deen net haaptsächlech fir de Bénéfice vum enge Prozent kéint mëssbraucht ginn. Och kéinte mir d’Technologie gebrauchen, fir ons Ëmwelt ze sanéieren. Mënschen a gewësse Regioune missten net aus dem Grond vun der Altersversuergung esou vill Kanner kréien. Et ass do genau de selwechten ir geleete Glawen un de Wuesstem ewéi bei ons. Et ass esouguer egoistesch, well de Gedanken ass jo deen:
Wa mir elo wuessen, ass meng Pensioun ofgeséchert! Fir am Alter net ze erhéngeren, brauch ech wéinstens 2 Kanner déi ë Wäert produzéieren, fir mech mat erduerch ze huelen.
Und nach mir die Sintflut.
A suivre...