Gedanken

03.11.2019

Den Ënnerscheet

Wat ass den Ënnerscheet, ob e Mënsch, deen ech net kennen, a mat deem ech keng Relatioun hunn, un Altersschwächt stierft, oder un iergend eppes anescht?

Wat ass den Ënnerscheet, ob e Mënsch, deen ech net kennen, a mat deem ech keng Relatioun hunn, am Alter vun 20, 40, 60 oder 80 Joer stierft?

A mengen Aen hänkt dat just vu menger Liewen s Philosophie of.

Wat ass méi schlëmm: Den Dout, oder e laange Leidenswee?

Den Dout vun engem Liewewiesen ass just fir aner nach liewend Liewewiesen eng Emotional Belaschtung, déi eng emotional Bindung mat deem doudege Wiesen hunn, an ëm sou méi schlëmm, wann dat dat eenzegt Liewewiese war, un dat si emotional gebonne waren. Allerdéngs spillt fir vill Mënschen och eng Roll, op wéi eng Aart a Weis e Liewewiesen, un dat si emotional gebonne waren oder net, ëm d’Liewe kënnt. Mir deet et als Beispill ëmmer am Häerz wéi, wann ech op onse Stroossen iwwerrannten Déiere gesinn, well ech am allgemenge frou mat Déiere sinn, net weess wéi laang dat Déier nach huet musse leiden, an mech esou ee verfréiten an onnéidegen Dout einfach emotional trëfft.

Ech selwer fäerten den Dout net. An deem physeschen a psycheschen Zoustand an deem ech de Moment sinn, leiden ech schonn esou vill, wéi ech et als grad nach ze erdroe fannen. Wann dat sech nach géing steigeren, wier ech léiwer dout. Fir deen een oder anere kléngt dat elo scho krass, mee dat läit wéi gesot un deem eenzele senger Liewen s Philosophie. Iwwert de Sënn vum Liewe léisst sech jo streiden, a mat Sécherheet ka kee Mënsch de Sënn vum Liewen definéieren. Jidderee muss dat fir sech selwer definéieren. Allerdéngs moossen sech reliéis an ideologesch Groupementer hemmungslos un, ze mengen, si kéinten dat fir ons all maachen.

 

Zereck op den Alter vum Dout.

Den Alter vum Dout spillt och just eng Roll a Verbindung mat der Liewen s Philosophie, an dem Sënn vum Liewen. Souwuel fir deen dee stierft, wéi fir déi di zeréck bleiwen.

Stierwen ech mat 80, soen d’Leit: “ Deen war jo schonn 80 Joer aal”.

Stierwen ech mat 20, soen d’Leit: “Oh freck, dee war nach esou jonk”.

D’Leit ginn also dovunner aus, dass et méi schlëmm ass wann ech mat 20 stierwen, wéi wann ech mat 80 stierwen. Firwat ass dat esou? Wat ass den Ënnerscheet, ob ech elo 80 Joer gelieft hunn, oder just 20?

D’Logik ass: Wann ech mat 20 stierwen, hat ech net genuch Zäit e vollt Liewen ze liewen. Wien seet dann dass mir Mënschen all virgesi sinn fir 80 oder 100 Joer al ze ginn? Liewen ech méi laang, kann ech méi laang en Afloss, positiv oder negativ, op meng Matmënschen, Déieren an d’Ëmwelt hunn.

Et muss e Sënn ginn, firwat mir hei liewen. Alles huet e Sënn, also och dat. De Problem ass just, dass mir dee Sënn net kennen. Allerdéngs ginn et Mënschen, déi behaapten ze wëssen, dass mir hei liewe fir Erfahrungen ze sammelen. D’Fro bei där Theorie ass just: Wat maache mir mat deenen Erfahrungen no onsem Dout? Firwat brauche mir déi Erfahrungen? Firwat solle just eng kleng Zuel u Mënschen ginn, déi dat wëssen, an et jo da sou wéi sou deenen anere Mënsche probéiere matzedeelen?

Froe, Froen an nach méi Froen. Äntwerte ginn et och, just hänkt et vun ons of, ob mir déi gleewen oder net. Beweiser kann an deem Zesummenhang kee liwweren, weder di konventionell Reliounen, nach Spiritueller oder Esoteriker. Et bleift engem kritesche Mënsch also soss näischt iwwereg, wéi sengem Instinkt nozegoen, an sech selwer e Sënn fir d’Liewen ze ginn.