Gedanken

05.12.2019

Bitcoin / Crypto-Wärungen

Dat eenzegt wat mech ëmmer bei esou Presentatioune stéiert, ass di Associatioun mat Räichtum. Bitcoin ass net geschafe ginn fir räich ze ginn, mee fir aus der Banke-Sklaverei eraus ze kommen. Wien eben virun 5-10 Joer 50 oder méi Bitcoin kaf huet, ass eben haut räich, an dat ass kee Problem, mee d'Basis Ideologie ass net fir räich ze ginn. Dat ass och de Grond firwat ech net mam Bitcoin spekuléieren.

An deem Zesummenhang hunn ech mir nach e puer Gedanke gemaach:
Wat kann ech mat engem Cent kafen? Näischt!
Wat kann ech mat 5 Cent kafen? Näischt!
Wat ass dat bëllegst wat ech iwwerhaapt kafe kann?
Wat ass also di klengsten Zomm u Geld déi ech fir iergendeppes kann ausginn?
Folgend Rechnung hunn ech emol gemaach:
Bitcoin ass ënnerdeelt an Satoshi, esou wéi den EURO a Cent ënnerdeelt ass.
1€ = 100c / 1 BTC = 100'000'000 Satoshi
Di klengsten Eenheet ass also 1 Satoshi
Soe mir elo 1 Satoshi wier 5 Cent, da wier 1 BTC = 5'000'000€
Mir wëssen, dass et jee just 21'000'000 BTC kënne ginn.
De Gesamt Wäert wier also 21'000'000 x 5'000'000
= 105 Billiounen EURO

Wat een och bedenke muss, ass dass näischt an der Zukunft de selwechte Präis wäert hunn ewéi haut. U sech dierft de Präis vun enger Wuer just vun der Quantitéit, an der Mass déi vun där Wuer disponibel ass, dierft ofhänken. De Präis vun engem Service dierft nëmme vun der Qualitéit vum Service, a vun der Zuel un Déngschtleeschter, déi dee Service kënnen ubidden, ofhänken. Do geet allerdéngs de Misär lass. Wann d'Zuel vun den Déngschtleeschter am aktuelle System erop geet, geet de Präis fir déi Déngschtleeschtung (bei gläicher Qualitéit) erof, bis dann eng Rei vun deenen Déngschtleeschter ophalen deen Déngscht unzebidden, well en onrentabel ginn ass. 

16.02.2020

Ech si jo der Meenung, dass et en universale Päis fir geschafften Zäit misst ginn, mat engem Bonus fir speziell Kapazitéiten, wann d'Ausgang s Situatioun fir all Mensch di Selwecht wier, d.h. dass keen an iergend enger Form duerch d'Wiel vu sengem Beruff benodeelegt wier.

All Mënsch soll d'Méiglechkeet hunn, dee Beruff ze léieren fir deen en sech tatsächlech beruff fillt, wat haut net de Fall ass.

Fortsetzung folgt.