Basis Iddi

E globale Plang fir d’Verbesserung an d’Stabiliséierung vun der sozialer, politescher a finanzieller Situatioun vun onser Gesellschaft.

(Et muss gewosst sinn, dass all an dësem Dokument beschriwwe Virschléi méi oder wéineger vuneneen ofhängeg sinn.)

Déi grouss, noutwenneg Schrëtt:

 

  1. Referendum fir direkt Demokratie, esou wéi se an hei beschriwwen ass.
     

  2. Aféiere vun der direkter Demokratie.
     

  3. Steier System änneren. Finanz Transaktioun s Steier aféieren
     

  4. Bedéngungslost Grondakommes.  Firwat?  Wéi?
     

  5. En neie Geld System, kompatibel mat der Finanz Transaktioun s Steier aféieren.

 

 

 

Am Detail:

 

  1. Digital Direkt Demokratie
    A) Referendum:

Demokratie muss op klengsten Niveau ugoen.
De Wiessel vum politesche System, wéi en d’Aféierung vun enger moderner direkter Demokratie mat sech bréngt, muss vun alle wielberechtegte Bierger mat entscheet kënne ginn.

Wien sech net bedeelege wëll, soll dat och net mussen.
Aus deem Grond muss e Referendum organiséiert ginn, fir de Bierger ze froen, op en direkt Demokratie an der hei beschriwwener Form wëll.
Mir mussen esou e Referendum, iwwert de Wee vun enger Petitioun, vun der Regierung fuerderen.


      B) Digital direkt Demokratie:

Den technologesche Fortschrëtt erméiglecht et all wielberechtegtem Bierger, sech konstant un alle politeschen Entscheedungen ze bedeelegen, an dat ouni grousse finanziellen Opwand.

De System wier folgenden:

All Bierger, oder Grupp vu Bierger, kann e Gesetzesprojet ausschaffen, deen da vun engem Grupp vun spezialiséierten, onofhängegen Affekote kontrolléiert gëtt. Se ginn direkt op där fir dës Zwecker geschafener, héchst ofgesécherter digitaler Online-Plattform, wou sech all wielberechtegte Bierger kann aloggen, de Gesetzesprojet liesen, e pro oder kontra Argument schreiwen, Verbesserung s Virschléi maache kann, fir dann, nodeem d’Zäit fir ze argumentéieren ofgelaf ass, mat JO oder NEE ze stëmmen, publizéiert, woubäi se fir d’éischt de Status “net kontrolléiert”, an no der Kontroll vun de beoptragten Affekoten, de Status “kontrolléiert kréien.

Déi digital Plattform muss fir de Bierger vum Handy, Tablet oder PC, vun egal wou aus iwwert den Internet zougänglech sinn. Och sollen an ëffentlechen, staatlechen a Gemengegebaier speziell fir dësen Zweck Computer fir d’Bierger zur Verfügung stoen.

All Bierger seng Zäit, fir déi nogewise ka ginn, dass se fir produktiv a fir d‘Allgemengheet nëtzlech politesch Aarbecht investéiert gouf, soll aus der Staat s Keess entlount ginn. Och soll dës Zäit als Schaffzäit gezielt ginn, esou wéi wann een eng zweet Aarbecht s Plaz hätt, wat en Afloss op den Zäitpunkt vum Iwwergang an d’Pensioun huet, wat allerdéngs vum Pensioun s System ofhänkt, deen de Moment vun der Aféierung vun dëser Form vun direkter Demokratie besteet.

 

       C) D’Aféieren vun der direkter Demokratie

D’Aféieren vun der direkter Demokratie, an der beschriwwener Form, ass un d’Ännerung vum politesche System, an d’Ännerung vun der Verfassung gebonnen. Politiker a Parteien, Parteie Finanzéierung, an déi mat Parteipoliteschen Aktivitéite verbonnener Geldverschwendung, an deem Styl wéi mir se haut hunn, wieren dann obsolete, well all Bierger sech, esou vill e wéilt, politesch kéint engagéieren, an dann och dofir géif entlount ginn. An de Ministèren, déi fir de Bierger 100% transparent musse sinn, wieren da just nach kompetent Leit fir d’Ëmsetzung vun de Gesetzer beschäftegt. Liest méi iwwert déi digital direkt Demokratie
 

 

   2. Ännerung vum Steiersystem

Onse Steier System ass an héchstem Mooss ongerecht, liicht ze manipuléieren, a kann an dierf fir d’Zukunft net erhale ginn. Et ass zum Beispill absolut net logesch dass e Grond- oder Wunneng s Besëtzer Grondsteier bezuele muss. Genau esou irrational ass et vun engem Hond s Besëtzer Steiere fir de Besëtz vun engem Hond ze fuerderen. Eng Finanz Transaktioun s Steier géif dee Problem léisen. Esou kéint a sollt een all aner Steieren ofschafen, an d’Staat s Keese wiere méi voll ewéi jee. D’Modalitéite fir esou eng Finanz Transaktioun s Steier mussen natierlech direkt-demokratesch geregelt ginn. Allerdéngs sollte mir eng speziell Steier op echte Luxus Gidder, an op Ëmwelt schiedlechem Verhale bäibehalen. Luxus ass Alles wat vun der Gesellschaft als dat identifizéiert gëtt. An onsen Aen sinn dat Gidder déi fir d'Majoritéit vum Vollek kee positiven Impakt hunn.

 

   3. Bedéngungslost Grondakommes:

Firwat?

Duerch den Technologesche Fortschrëtt, Robotik an Informatik, ass e bedéngungslost Grondakommes fir dat weidert Bestoen, d’Vereinfachung an d’gerecht maache vum soziale System, déi eenzeg Alternativ. An deenen nächsten 10 Joer wäerten esou vill gutt a manner gutt bezuelten Aarbecht s Plazen ewech falen, dass mir d’Aarbechtslosegkeet mam aktuelle System net méi meeschter wäerte ginn. Fir déi positiv Auswierkungen ze maximéieren, muss jiddereen et kréien. Esou ka kee soen, et géife just di Faul et kréien, déi net schaffe wëllen. Och am aktuelle System kréien déi, di net schaffe wëllen, et hin, vum Staat Geld ze kréien fir ze iwwerliewen.

 

 

Ëmsetzung vum bedéngungslose Grondakommes:

E bedéngungslost Grondakommes muss dem Bierger seng Grondbedierfnesser ofdecken, d.h. et muss esou héich sinn, dass de Bierger wunnen, gesond iessen an drénke kann, an sech (ofhängeg vum Krankeversuergung s System), falls néideg, medizinesch kënne versuerge loossen. All Mënsch géif et vu Gebuert u kréien, an et géif sech bis zum Alter vum Enn vun der Schoul Flich, bis op de maximale fixe Betrag, erhéigen. D’Finanz Transaktion s Steier (Punkt 3) kéint, falls néideg, nach liicht ugehuewe ginn, wann sech eraus stellt, dass de festgesate %-Saz net duer geet fir all Ausgaben vum Staat, déi zu deem Zäitpunkt jo direkt-demokratesch vum Vollek kontrolléiert ginn, net gedeckt sinn.

 

  1. Neie Geld System

 

Firwat?

  1. Den aktuelle Geld System leit faktesch a privater Hand, an ass en absolut ondemokrateschen, ongerechten an aubeuteresche System. De gréissten Deel vun de Banke weltwäit, inklusiv Zentralbanken, ass a privater Hand. Si däerfen neit Geld schafen, andeem si Geld verléinen, wat zum gréissten Deel virdrun guert net existéiert huet. Op esou einfach Aart a Weis kënne Banke sech beräicheren, an droen dozou bäi, dass di Währungen, vun deenen si konstant méi u Quantitéit erschaffen, ëmmer manner wäert sinn. Dës weideren ass et fir ons Gesellschaft fatal, dass eng kleng Grupp vu Leit, op esou eng kriminell Aart a Weis, ultra räich gëtt, an dee Räichtem fir weider kriminell Aktivitéiten asetzt.

  2. Banken a Regierunge plangen d’Ofschafung vum Borgeld.
    Mam aktuelle Geld System gëtt dat zum grousse Problem fir d’Bierger, well d’Leit da keng aner Méiglechkeet méi hunn, wéi hiert Geld op der Bank ze loossen, oder et auszeginn.
    Et ass een de Banken an dem Staat da ganz ausgeliwwert, oder gezwongen, säi Geld a Gold oder anerem héichwäertegem Besëtz unzeleeën.

 

Dofir ass d’Aféiere vun engem neien, transparenten an dezentraliséierte Geld System, deen net vun enger eenzeger Instanz kontrolléiert gëtt, onëmgänglech, wa mir ons finanziell Fräiheet behale wëllen. Geld soll just deen Zweck erfëllen, fir deen et offiziell erfonnt gouf, an zwar di vereinfacht Aart a Weis Wueren a Servicer ze bezuelen. Geld däerf keng Spekulatioun s Wuer sinn, wat an der Vergaangenheet ganz Staten erpressbar gemaach huet.

E gutt Beispill fir esou e Geld System sinn, zënter der Schafung vum Bitcoin, d’Krypto Währungen.

Och d’Modalitéite vun dëser Moossnam mussen direkt-demokratesch vum Vollek entscheet ginn, wat mat der Aféierung vun der direkter Demokratie automatesch géif geschéien.

 

Liest méi iwwert déi digital direkt Demokratie

Eng Finanztransktiounssteier ass eng Steier, déi op all Geldfloss erhuewe gëtt, sief dat Cash oder Banktransfär.

 
 
 
 
 
 

Deelt ons mat wat dir heiriwwer denkt. Keng Freschheeten oder Beleidegungen w.e.g.!