Cité_jusiciaire_Lux_2.jpg

Justiz

Hei fannt dir mat der Zäit all Affären, déi mir ugelaascht goufen, an déi ech ganz transparent publik wëll maachen, sou dass dir kënnt gesinn, wéi onse politeschen System, an onse Justiz-System funktionéiert.

Et muss bekannt gemaach ginn, wéi probéiert gëtt ze verhënneren, dass gewëssen Informatiounen de "grand publique" erreechen.

26.03.2020

Opruff zum Haass op Facebook

1. Kontakt mat der Police judiciaire.

Ufank September 2020 hunn ech folgende Bréif vun der Police Judiciaire kritt:

Nodeem mech dëse Bréif erreecht hat, hunn ech dem Agent vun der Police judiciaire, deen ech 2019 schonn hunn däerfe kenne léieren, folgend Mail gemaach:

Bonjour Här XXXXX,

 

Ech schreiwen iech, fir Detailer am Zesummenhang mam Dossier XXXXXXX ze kréien.

Trotz dass ech weess, dass ech nimools bewosst Opruff zum Haass géif maachen, hunn ech meng Facebook Chronik nogekuckt, an awer näischt fonnt, wat als solches ze deite wier.

 

Kënnt dir mir w.e.g. d'Detailer mailen, sou dass ech mir dat kann ukucken.

 

Den 15. September kann ech leider net bei iech kommen, well ech de Moment ganz vill am Ausland ënnerwee sinn, an och nach net weess, wéini et bei mir geet. Ech si jo pensionéiert, an hunn och weider keng Verflichtungen

doheem.

 

Well ech jo scho weess wéi dat bei ierch ofleeft, stellen ech mir di Fro, ob dir mir net einfach de Froe-Katalog kënnt schécken, an ech iech d'Äntwerten an digitaler Form schécken. Schliisslech ass et jo net korrekt, dass ech meng Pläng iwwert de Koup geheie muss, a meng Liewen s Zäit muss opferen, well iergendeen sech bei iergendeppes

wat op Facebook geschriwwe gouf, skandaliséiert mengt weisen ze mussen, an ech antscheinend do an iergend enger Form involvéiert sinn.

 

 

MbG

 

Christian Isekin

Äntwert vum Agent:

Gudde Moien Här ISEKIN,

 

Merci datt Dir Bescheed gesot hutt datt Dir net kënnt kommen.

Dir hutt den Beitrag, den ech Iech en Annex ugehaang hunn op ärer Pinnwand gedeelt, dat war zu dem Zäitpunkt en YouTube Video. Den kënnt Dir net méi fannen well den Video vun YouTube geläscht gouf. Ech hunn den Video, dat sinn awer 29 MB.

 

Die Protokolle der Weisen von Zion ass eng antisemitesch Schrëft déi am Ufank vum 20. Jorhonnert verëffentlecht gouf. Den Inhalt ass komplett erfonnt an gëtt neierdéngs erëm benotzt fir zum Haass géint Judde opzeruffen déi onberechtegter weis responsabel fir eng ganz Rei Saachen gemaach ginn.

Et ass dann och fir zweet datt Dir eppes verëffentlecht wat an den Beräich vum Antisemitismus geet. Ech kann Iech och schonn verroden datt nach Dossieren do leien. Ech maachen d ‘Dossieren awer der Rei no, sou datt verschidden Leit déi mengen ëmmer missen egal wat ze publizéieren net méi den Privileg hunn, datt alles zesummen opgeschafft gëtt. An och bei den aneren Dossieren ass et Antisemitismus respektive Minimiséierung vum Holocaust. Do huet och eng Persoun dorop opmierksam gemaach datt dat net geet, mee amplaz dann är Verëffentlechung an Fro ze stellen respektive ze iwwerleeën, maacht Dir nach den Geck domat.

Wann Dir Saache verëffentlecht oder deelt déi strofbar sinn, kann et keng Excuse sinn dat onbewosst gemaach ze hunn. Villäicht eng Kéier awer net an dem Rhythmus ewéi Dir dat maacht. Dann verëffentlecht oder deelt näischt wat Dir net verstitt.

 

Et ass schonn esou virgesinn datt Dir op den Büro kommt, Dir hutt jo meng Donnéeën an kënnt Iech mellen wann Dir Zäit hutt, datt soll awer schonn an den nächsten 3 Wochen sinn. Ech denken een den 1972 gebuer ass an schonn pensionéiert ass an all Dag esou vill Blödsinn publizéiert (dat ass meng perséinlech Meenung) och misst Zäit hunn op den Büro ze kommen. Wann Dir awer refuséiert ze kommen dann geet den Dossier ouni Är Aussoen bei den Parquet.

 

Mat beschte Gréiss

Äntwert vum Agent:

Rebonjour Här ISEKIN,

 

ass fir mech keen Problem, ech kann Iech versécheren datt ech näischt perséinlech geholl hunn. Sou wei Dir et proposéiert leeën ech Är Mail an den Dossier. Fannen et just Schued datt wann Dir esou oppen wëllt sinn net op den Büro kommt fir villäicht emol den Fong vum Problem ze klären. Virun allem wou der gesitt hutt datt dat bei eis ganz roueg erof geet.

 

Wéinst der Form muss ech d ‘Leit ëmmer iwwert den offiziellen Postwee convoquéieren an bei Bedarf kann ech ëmmer nach zousätzlech Informatiounen weiderginn.

 

Ech wënschen Iech nach en schéinen Dag.

Meng Äntwerten:

Villmools Merci fir är Äntwert.

 

De Problem läit net bei mir, also musst dir mat deene Leit schwätzen, déi den tatsächlesche Problem geschafen hunn.

Et ass och wéi gesot, guer net dass ech net wëll bei iech kommen, a mat iech schwätzen, mee leider gesinn ech net, wat ech iech zu deem Dossier anescht kéint soen ewéi dat wat ech iech elo geschriwwen hunn.

 

 

MbG

 

C.I.

Bonjour nach emol Här XXXXX,

 

Ech wollt nach nofroen, ob dee Screenshot, deen dir mir matgeschéckt hutt, déi eenzeg (soit-disant) belaaschtend Piece ass, unhand vun där dir den Dossier XXXXXXXX opgemaach hutt, oder ob dir nach aner Piecen hutt.

Falls dir nach aner Piecen hutt, géif ech iech heimat bieden, mir déi och zoukommen ze loossen, sou dass ech mir ee prezist Bild vun der Situatioun maache kann.

 

Merci an Viraus,

MbG

 

C.I.

Äntwert vum Agent:

​En Annex den ganzen Screenshot den an der Bee Secure Meldung war. Ech well awer präziséieren datt dat net virgesinn ass datt Dir op den Wee déi zousätzlech Informatiounen kritt, dat ass just en Choix vun mir.

 

MbG

XXXXXX

Meng Äntwerten:

Villmools Merci Här XXXXXX,

Di Tatsaach, dass dir iech dofir entscheet hutt, mir di Piècen zoukommen ze loossen, beweist äre Sënn fir Gerechtegkeet, an dat schätzen a begréissen ech ausseruerdentlech.

Fairerweis soen ech iech awer och, dass ech all meng Affäre publik maachen, fir dass och aner Leit gesinn, mat wat engem Bierger, deen sech näischt virzewerfen huet, seng Liewenszäit geklaut gëtt, an eventuell, falls et op d'Gericht kënnt, och säi Geld. Natierlech gi keng sensibel Date vun iech publizéiert.

 

 

​Mb​G

 

C.I.

18.11.2020

 

Wéi ugekënnegt, huet den Här vun der Police Judiciaire sech nach emol gemellt, a mat mir ee R.V. fir ee Gespréich ausgemaach. Dass hien sech perséinlech per Telefon bei mir gemellt huet, an di Tatsaach dass hien mat mir zesummen ee R.V. ofgekläert huet, muss een him héich urechnen. Och dass hien elo awer di 3 weider Dossieren mat mir an enger Kéier kläre wëll. Stéchdag ass den 11.12.2020

Piece, déi den Agent mir matgeschéckt huet.

Meng Äntwert:

Bonjour Här XXXX,

 

Wat soll ech iech iwwert ee YouTube Video zielen, deen ech am Mäerz soll op Facebook gedeelt hunn, deen awer net méi op YouTube existéiert?

Wéi ech iech a menger éischter Mail jo och scho gesot hunn, kann ech a menger Facebook Chronik och kee Post fannen, an deem dee Video soll sinn.

Ech konsuméieren zanter Jore Massen un Informatiounen, well ech dat laang Zäit net gemaach hunn, a vill nozehuelen hunn. Do kann ech mech net un all eenzel Informatioun, gedeelt oder net, erënneren.

 

Egal wat an deem Video gesot gouf (wourun ech mech absolut net méi erënneren); Huet net all Mënsch ee Recht op Informatioun, an ee Recht dorop, sech eng eege Meenung ze bilden? Wien däerf entscheeden,

wéi eng Informatiounen, Philosophien oder Meenungen verbreet (ausgeschwat, geschriwwen, oder als Audio oder Video) dierfe ginn, a wouriwwer aner Mënschen sech eng Meenung dierfe bilden.

Wa gewëssen Informatiounen net méi dierfen zirkuléieren, da si mir scho matten am Faschismus.

 

An de Schoule gi jo och verschidde geschichtlech Theme behandelt, ënner anerem den zweete Weltkrich. Mech hat dat als Kannt net wierklech interesséiert, well ons an der Schoul ni vermëttelt gouf, wéi wichteg dat, wat an der Vergaangenheet geschitt ass, fir ons Zukunft ass. Mee wien di offiziell Versioun vun der Geschicht vu WW2

agetriichtert kritt, an dat hannerfreet, mécht sech op d'Sich no alternativen Informatiounen. Däerfen déi dat? A mengen Aen ganz kloer JO! Dir däerft ni vergiessen, dass d'Geschicht (zumindest di offiziell Versioun) vun deene geschriwwe gëtt, déi de Krich gewonnen hunn, an dat sinn di ultra räich, well déi de Krich och finanzéiert hunn,

an zwar oft esouguer di zwou Säiten. Wann dir dat nach net wësst, da misst dir iech, esou wéi ech et elo zanter Jore maachen, och emol an alternative Medie schlau maachen. Just di brav System-Schof, an di Faul, gleewen just dat, wat si um sëlwer Plateau zerwéiert kréien.

 

Dir hutt ee Recht op är Meenung, mee wann et ëm äre Beruff geet, däerf är Meenung keen Afloss op är Aarbecht hunn. Dir musst also neutral sinn, genau wéi Journalisten EIGENTLECH neutral misste sinn, wat, wéi mir awer wëssen, leider och net méi de Fall ass, an dat schonn zimmlech laang.

 

Wien mech kennt, weess, dass fir mech Gerechtegkeet dat aller Wichtegst am Liewen ass, an dass ech ëmmer drop pochen, dass net soll oder dierf generaliséiert ginn, sief et op Basis vu Relioun, Natioun, ethnesch Ofstamung, Beruff oder soss enger Grupp vu Mënschen, déi iergend eppes gemeinsam hunn. Ech begéinen och ganz oft Artikel, a wéi enger Form och ëmmer, wou géint Judde gewiedert gëtt. Ech argumentéieren och do ëmmer:

"Et dierf een net generaliséieren. Et ginn iwwerall Gudder a Schlechter."

 

Ech sinn ee Mënsch mat Charakter a Prinzippien. Ech maache mech staark fir eng fräi Gesellschaft, mat Zougang zu allen Informatiounen.

Nach emol: D'Ënnerschloen, d'Ënnerdrécken oder d'Verbidde vu gewëssen Informatiounen ass Faschismus.

Wëlle mir Faschismus? Wëll dir iech virschreiwe loossen, wat dir wëssen däerft a wat net? Wéi kënnt dir wëssen, ob är Meenung op deene richtegen Informatioune berout?

 

 

Dir wësst jo, dass ech politesch aktiv sinn.

Ass et dann, ofgesi vun ärer perséinlecher Meenung iwwert dat wat ech soen, schreiwen oder op soziale Medien deelen, net offensichtlech, dass hei vun anere politeschen Instanze probéiert gëtt, mir ze schueden, a mech

mond-dout ze maachen?

Wann dir iech meng Proposen op "www.bfb.lu" duerch liest, verstitt dir wat ech mengen. Wien d'Politiker an hirer aktueller Form ofschafe wëll, an ee vill méi gerechte System fir di ganz Mënschheet fuerdert, ass predestinéiert, vun

de Profiteure vum aktuelle System ugegraff ze ginn.

 

Bon! Natierlech kann et och sinn, dass sech gewësse Leit, déi esou Videoen ewéi deen, ëm deen et am Dossier XXX geet, skandaliséiert weisen, well si vum System esou indoktrinéiert sinn, dass et fir si schonn normal ass

dass gewëssen Informatiounen einfach ënnerdréckt ginn, an déi och direkt als anti-Jüddesch astufen. Wat aner Leit iwwert gewëssen Informatiounen denken, oder eran interpretéieren, geet vun hinne selwer aus, an net vu mir.

Fir mech ass wichteg, dass jiddereen all Form vun Informatioune konsuméieren däerf, an sech seng eege Meenung bilt, oder ass d'Majoritéit vun de Leit ze domm dofir, a muss viru gewëssenen Informatioune geschützt ginn? Falls jo, wien entscheet dass di Leit ze domm sinn? Wien entscheet, wéi eng Informatiounen net un di Leit erun dierfen? Wou hält de Schutz op, a wou fänkt Zensur (an all senge Formen) un?

 

Wann dir och nach ëmmer gleeft, dass de SARS-CoV-2 tatsächlech een iwwerméisseg geféierleche Virus ass, an all Mesuren, déi dem Lëtzebuerger Vollek vum Lëtzebuerger Staat opgezwonge goufen, wierklech gerechtfäerdegt

ware/sinn, da roden ech iech onbedéngt iech emol ganz intensiv mam Facebook Grupp "Corona, Meenung a Fakten" auserneen ze setzen.

 

Mäi Gewëssen ass reng, a wann dir mengt, dir misst Kompliz spillen, fir mech a mäi Liewen ze zerstéieren, da maacht w.e.g. en Ausdrock vun dëser Mail, leet en an den Dossier, a schéckt en op den Instanzewee, well ech muss mir selwer trei bleiwen, a mengen Iwwerzeegunge follegen, well soss ass mäi Liewe sou wéi sou näischt wäert.

 

Och géif ech iech bieden, fir all weideren Dossier, dee mech ugeet, wou dir nach do leien hutt, mir mat der Convocatioun direkt, ouni dass ech et muss nofroen, de Maximum un Informatioune matschéckt, sief et per Mail, sief et per Bréifpost. Meng Liewenszäit ass mir wichteg, an ech kréien se net gär vun Anere gestuel.

 

Ech hoffen och, dass dir näischt wat ech elo hei geschriwwen hunn, ënner Ëmstänn als perséinlechen Ugrëff op iech deit, well absolut näischt ass als Solches vu menger Säit gemengt, an et ass mir wichteg dass dir dat och

esou verstitt, wéi et mir gemengt ass.

 

MbG

 

Christian Isekin

 
  • Schwarz Soundcloud Icon
  • Telegram Logo
  • Facebook
  • VK logo
  • Twitter
  • YouTube
  • Instagram
  • Soundcloud Social Icon