top of page

Wiert iech!

Post & caisse de prévoyance des fonctionnaires & employés communaux

Folgendes ass mir tëschent Juli an Oktober geschitt:

​

Ech sinn zanter Februar 2020 an der Invaliderent.

Bis Juli 2020 huet alles gutt geklappt.

Am Juli huet awer iergend een Idiot mir alles vun der Bréifboîte gerappt, sou dass op menger Bréifboîte keen Numm méi stoung.

Vu dass ech net all Dag meng Bréifboîte eidel maachen, well ech just ë puer mol de Mount eppes kréien, hat ech dat net matkritt.

Den 24.07. wollt de Bréifdréier mir d'Bestätegung vu menger Rent zoustellen. Vu dass hien awer mäin Numm néierenst fonnt huet, huet hien den Envoi erem matgeholl, eng Etikett drop gepäscht:

Vu dass de Bréiftreier dat Falscht ugekräizt huet, huet d'caisse de prévoyance, vun där ech meng Rent kréien, meng Rent gestoppt, ouni mir iwwer eMail oder Telefon bescheet ze soen. Béides ass iwwerall um Internet ze fannen.

Nodeems ech den 22.8.2020 keng Rent krut, hunn ech mech bei der caisse de prévoyance per Telefon gemellt, fir nozefroen wat lass wier. De Mann huet mir erkläert wat wier, an ech hunn him erkläert, dass ech politesch aktiv sinn, a wuel iergend een, dee mir schlecht wëll, mäin Numm vun der Boîte geholl huet, an de Bréiftréier wuel och ee Feeler gemaach huet. Domat hat ech gemengt dass de Problem geléisst wier, mee nee.Ech hunn de Mount drop nach emol keng Rent kritt. Erëm ugeruff, an de Mann um Telefon huet gemengt, ech hätt musse bescheet soen, dass ech d'Bestätegung vun der Rent kritt hätt. A B jo! Einfach emol engem Mënsch 2 Méint säin Akommes

caisse_de_prévoyanceXx.png

stoppen, ouni ze probéieren, op iergend eng Aart a Weis un dee Mënsch ze kommen!

Schlussendlech hunn ech der Post eng Mail gemaach:

​

Dir Dammen; Dir Hären,

 

Am Juli huet eng mir onbekannte Persoun, aus mir onbekannte Grënn, mäin Numm vu menger Bréifkëscht erof geholl. Dat huet dozou gefouert, dass fir ë puer Deeg keen Numm op menger Bréifkëscht war (Ech maache meng Bréifkëscht net all Dag eidel), an de Bréifdréier net wosst, a wéi eng Bréifkëscht hien meng Post sollt geheien.

 

Een Envoi vun der Caisse de Prévoyance goung dowéinst zeréck. Dat ass ze verstoen.

Wat awer net ze verstoen ass, ass, dass de Bréifdréier eng Etikett op de Renvoi gepecht huet, mat der Mentioun "Parti sans laisser d'adresse". Dëst huet dozou gefouert, dass d'Caisse de prévoyance d'Ausbezuele vu menger Rent gestoppt huet, wat mech elo an extrem finanziell Schwieregkeete bruecht huet.

 

Dëst war bei Wäitem net di éischte Kéier, wou mir en noléissegt Ausféiere vun hirer Missioun vun äre Bréifdréier opgefall ass. Reegelméisseg kréien ech Bréiwer fir aner Leit a meng Boîte.

 

Ech stelle mir elo di Fro, aus wat fir engem Grond di Bréifdréier hir Aarbecht esou noléisseg ausféieren. Läit et un hirem Charakter, un hire Virgesetzten, oder läit et un hiren Aarbecht s Konditiounen?

 

Vu dass di leschten Negligenz vun engem vun ären Employéen mech elo a grouss finanziell Schwieregkeete bruecht huet, an ech dat sécher net ouni Weideres wäert hinhuelen, waarden ech är Äntwert op dës Mail of, éier ech

weider Schrëtt ënnerhuelen.

 

 

MbG

 

Christian Isekin

​

D'Äntwert vun engem Här Pierrot:

​

Dat ass natirlech net gudd fir iech gelaf, awer wann keen Numm méi op enger Boite ass dann get den Courrier

Net agehéit. Den bréifdréier muss dann dovunner ausgoen dass den Destinataire geplennert ass,

 

Dat ass eng Standard Procédure, mir koennen iech elo weider keng Explicatioune gin.

​

Firwat soll de Bréifdréier dovunner ausgoe mussen, dass den Destinataire geplennert ass?

​

Meng Äntwert:

​

Bonjour Här Pierrot,

 

Et wonnert mech net dass d'Post probéiert sech esou einfach aus der Affär ze zéien.

Wéi hätt ären Employé wësse kënnen, ob ech fort geplënnert, oder just keng Bréifkëscht mat mengem Numm drop méi hunn???

Op der Etikett ass jo awer och nach di Optioun "Pas de boîte à ce nom"!

Et ass bei wäitem net di éischte Kéier, wou ech negativ Erfarunge mat der Post gemaach hunn.

Esou grouss Betriber verléieren, wat se mi grouss ginn, ëmmer méi de mënschlechen Aspekt, a wann de Staat mat onse Steiergelder net dofir géif suergen, dass d'Post nach weider iwwerlieft, géif et se schonn net méi ginn, zumindest net an der aktueller Form.

 

Ech waarden elo nach op är Äntwert, an dann deelen ech iech meng Reaktioun dorop mat.

​

Seng Äntwert:

​

Bonjour

 

Och wann den bréifdréier Pas de boite à ce nom ausgewielt haett waer de Courrier returnéiert gin.

 

Dir kennt gaeren eng reklamatioun machen dann gin ech dat un deen zoustännegen bureau weider.

​

De Problem war jo net dass de Bréif zeréck gaangen ass, mee dass dat Falscht op der Etikett ugekräizt gouf.

​

Meng Äntwert:

​

Bonjour,

 

Ech war der Meenung dass meng éischt Mail un iech eng Reklamatioun war!?

Falls dat net de Fall ass, dann deelt mir w.e.g. mat, op wéi engem Wee ech am einfachsten déi Reklamatioun bei der Post era reeche kann.

​

Dat war den 6.10.

Bis dato ass nach keng nei Äntwert komm.

​

Den 13.10.2020 hunn ech den Här Pierrot nach emol kontaktéiert:

​

Bonjour Här Pierrot,

 

Ech warden nach ëmmer op eng Äntwert vun iech.

​LG

​C.I.

​

Den 18.10.2020 Huet den Här Pierrot mir geäntwert:

​

Bonjour

​

Mir hun iech déi néideg Informatiounen gin, den bréifdréier hued no sengen Procéduren geschafft.

Méi koenne mer iech net soen.

​

Matt beschte Gréiß |  Cordialement | Mit freundlichen Grüßen | Best regards

​

Claude Pierrot

Superviseur

Service Courrier

TF  800208004

POST Telecom

Batiment Weierbaach

10 rue Emile Bian

L-2996 Luxembourg

www.post.lu

​

Dat gesäit fir mech esou aus, wéi wann ë léiwer geschriwwen hätt:

Halt op mech ze nerven. Mir ass et schäiss egal dass du 2 Méint keen Akommes has.

Ech hu meng Pai kritt, a wat mat dir ass geet mech näischt un.

​

Meng Äntwert:

 

Bonjour Här Pierrot,

 

Nee, Här Pierrot, de Bréifdréier huet entweder ee Feeler gemaach, oder är Prozedure si falsch.

Hien konnt net wëssen ob ech fortgeplënnert sinn oder net. Hien hätt mussen "pas de boite à ce nom"

op där rosaer Etikett ukräizen.

Dat Mannst vun ärer Säit wier gewiescht, dass dir dem Bréifdréier säi Feeler zouginn hätt, an eng Entschëllegung.

 

Iwwregens gëtt Bréifdréier grouss geschriwwen.

 

Ech si mir bewosst dass de Feeler net réckgängeg ze maachen ass, an dass all Mënsch Feeler mécht, mee de Bréifdréier muss op säi Feeler opmierksam gemaach ginn, an d'POST hätt sech musse bei mir entschëllegen. Et schéngt awer, dass iech dat esou net an de Sënn komm ass, wat entweder ären Desintresse un ärer Aarbecht, oder är Gläichgëltegkeet mir géigeniwwer beweist.

 

An Zäiten ewéi haut, wou mir als Vollek méi ewéi jee mat Respekt an Hëllefsbereetschaft misste mateneen ëmgoen, fannen ech äert Verhalen ganz traureg.

Hei nach ee Kommentar vun engem anere Bierger:

Dat do kenne mir alles zanter deem d'Post privatiséiert ass. Et geet guer näischt méi bei deenen, Et ass ee Wurschtelbetrib ginn!

Meng Erfarunge mat der Post :

1. Mäi Meedchen huet ë wichtege Bréif vun der Krankekeess erwaart. D'Post huet dee Bréif awer ëmgeleet, an England, well mir angeblech geplënnert sinn . An England ukomm, ass dee Bréif erëm op d'Krankekeess geschéckt ginn, a vun do aus dunn endlech bei ons, no 3 Méint Rees!

2. Et hat emol een onsen Internet a der Këscht op der Strooss ofgekappt, a fir een aneren Client benotzt, dunn hate mer einfach emol 3 Woche kee Internet!

3. Mäin Abo vum GSM fir am Ausland gespaart, trotz dass ech Europe dran hunn.

4. Een Pack einfach op Bréifboîte geluecht a gaangen, ouni ze schellen a näischt, awer am Liwwerung s Schäin dra geschriwwen Signature vu mir. Waarden nach bis Haut op Kopie mat menger Ënnerschreift !

Bis haut op all Bréif och un d'Direktioun, keng Entschëllegung, näischt. Dat gëtt einfach am Sand verlafe gelooss !

bottom of page