top of page
Ministère de l'économie & Commissariat aux affaires maritimes
-Boot s Führerschäin-

Ech hu mech am Juli 2021 schlau gemaach, wat ee brauch fir Bootsführer ze ginn.

Ech hunn erausfonnt, dass een u sech just de Boot s Führerschäin beim Ministère de l'économie muss maachen.

Fir dat Wëssen ze erlangen, dat ee brauch, fir de Boot s Führerschäin ze maachen, kann een op verschiddene Plaze Coure maachen.

Op deene selwechte Plazen hunn ech mech informéiert, wat d'Konditioune sinn, fir um Exame fir de Boot s Führerschäin deel ze huelen.

 

Bis haut (20.08.2021) war mir bekannt, dass een am Gebei vum Ministère de l'économie eng Otemschutz.Mask muss un hunn, an dat also och di ganz Zäit vum Examen.

Den 09.08.2021 hunn ech eng Mail un de Ministère de l'économie geschéckt:

Bonjour,

 

Ech hu mech beim Skipper Club Lëtzebuerg informéiert, fir den "permis côtier" ze maachen.

Op hirer Websäit steet, dass den Examen am Ministère de l'économie muss gemaach ginn, an dass déi, di un deem Examen deel huele wëllen, am Gebei vum Ministère konstant eng Otemschutz Mask mussen droen.

Dat ass fir mech ee Problem, well ech aus gesondheetleche Grënn keng Otemschutz Mask droe kann.

Wat fir eng Méiglechkeet bitt dir Leit ewéi mir un, fir awer dee Führerschäin maachen ze kënnen?

Den 20.08.2021 hunn ech vum Commissariat aux affaires maritimes, un déi meng eMail weidergeleed gouf, dës äntwert kritt:

Bonjour Här Isekin,

 

Ech krut ären Message deen dir op info@eco.public.lu geschéckt hat weider geleet.

Fir iech kënnen konkret op är Fro ze äntwerten, a besonnesch wëll mer do fir iech missten extra Examen-Sessioun organiséieren an awer och fir är Gesondheet an déi vun mengen Mataarbechter ze schützen, bräicht ech vun Iech:

  1. Eng Copie vun ärem Certificat vum Dokter datt der keng Mask kënnt undoen

  2. Eng Copie vum Impfpass

Am beschten wär et wann der eis déi  Dokumenter am Viraus kënnt schécken soss misst der se virweisen wann der dann eventuell an den Examen kommt.

 

Mat beschte Gréiss,

Aus dëser Äntwert geet also erfir, dass een elo och nach soll beweisen, dass ee géint Covid-19 geimpft ass?

Hei meng Äntwert:

Bonjour Här Biwer,

 

De System erwaart vu mir, am Fall dass ech mat engem Boot op de Floss oder op d'Mier wëll, dass ech ee Führerschäin dofir maachen.

Déi Instanzen, déi dofir zoustänneg sinn, musse mir et also erméiglechen dee Führerschäin ze maachen. Déi Instanz huet net dat Rech, mir die Konditioun, fir deen Exame maachen ze kënnen, ze stellen, mir en experimentelle Stoff a mäi Kierper sprëtzen ze loossen, vun deem mir scho vun Dokteren ronderëm di ganz Welt matgedeelt kritt hunn, dass dee Stoff extrem Niewewierkungen, bis hin zum Dout provozéiert hunn.

 

My body is my temple.

 

Ech wäert iech zu 100% keen Impfnoweis firleeë kënnen, well ech mech net un deem Experiment wäert bedeelegen.

 

Mäin Attest vum Dokter, dat bestätegt dass ech di Otemschutzmasken net droe kann, kann ech iech ouni Problem weisen.

 

Ech froen iech elo nach emol ganz kloer, an ech erwaarden och eng ganz kloer Äntwert vun iech:

Kann ech de Boot s Führerschäin beim Ministère de l'économie maachen, ouni dass ech den Noweis vun enger (soit-disant) Impfung géint Covid-19 firleeë muss, an ouni eng Otemschutzmask, oder soss iergend eng Mask droen ze mussen, déi mäi Mond a meng Nues bedecken?

 

Falls är Äntwert op meng Fro NEE ass, géif ech iech och bieden, mir den Numm vun deem Mënsch, deen dat entscheet, matzedeelen, sou dass ech eng Plainte géint dee maache kann.

 

Mol dovunner ofgesinn, dass weder de SARS-CoV-2 Virus, nach iergend eng Mutant dovunner, nach iergend een anere Virus jee korrekt als Ganzt isoléiert, an domat ni bewise goufen, de PCR-Test ni als Outil fir eng Infektioun an/oder infektiositéit nozeweisn hätt dierfe gebraucht ginn, a scho guer net wann d'Multiplikatioun s Zyklen 25 iwwerschreiden, an dass an den Otemschutzmasken fir den eemolege Gebrauch gëfteg Stoffer dra sinn, déi deen, deen se dréit dann och anotemt, muss een et als Diskriminatioun ugesinn, wann een, deen am Prinzip vollkomme gesond ass, a gewësse medezinesch Traitementer net wëll, vun enger Rei Aktivitéiten ausgeschloss gëtt. Kuckt w.e.g. emol d'Infoblat vu BFB.

 

Ech bezuelen elo schonn iwwer 31 Joer Steieren zu Lëtzebuerg, an ech hun dat Recht, dass Administratiounen, déi mat deene Steiergelder finanzéiert ginn, mir déi Méiglechkeet ginn, dat ze maache wat de Staat mir firschreift, fir dat ze kréie wat ech brauch oder wëll.

 

Huelt dat hei geschriwwent w.e.g. net perséinlech. Dir sidd a mengen Aen net de Problem.

 

MfG

C.I.

23.08..2021

Hei hutt dir dann de Screenshot vun engem Här Hilbert sénger Äntwert, deen allerdéngs, sou wéi hien a senger Mail schreift, a sengem eegenen Numm geäntwert huet, wat also keng offiziell Äntwert vun der CAM oder dem Ministère de l'économie ass:

2021-08-24 Marc Hilbert CAM.png

Ech hu mir et natierlech net huele geloos, deem Här Hilbert ze äntweren:

Léiwen Här Hilbert,

 

Vu dass dir mir an ärem Numm, d.h. net offiziell am Numm vun der CAM oder am Numm vum Ministère de l'économie geäntwert hutt, waarden ech weider op eng offiziell Äntwert.

 

Fir iech awer nach perséinlech op är Mail ze äntweren...

 

Dir sidd en aarme Geescht, an ech bedaueren extreem, dass dir an esou engem Zoustand vun totaler Indoktrinatioun vun engem korrupten & kriminelle System sidd, an dass Leit mat esou enger Gesënnung op ons Kanner lass gelooss ginn.

Deit dat w.e.g. net als Attack géint iech, well mäi Bedaueren ass echt, an et ass absolut net meng Intentioun iech ze attackéieren.

 

Är Aussoen zum Thema Covid kënnt dir net beleeën, an trotzdeem geheit dir mat deenen Donnéeë ronderëm iech, wat negativ Konsequenzen fir aner Leit huet. Dat verurteelen ech ganz schaarf.

 

Dir behaapt, dass di Tatsaach, dass Leit sech net wëllen impfe loossen, géif beweisen, dass déi Leit net vill Grips hunn. Dat ass eng riseg Frechheet, well...

  1. Den Impfstoff ass keen Impfstoff, mee eng experimentell Gen-Therapie.
     

  2. Kee Mënsch, deen sech di Gëftsprëtz setze léisst, gëtt doriwwer, an iwwert d'Inhaltsstoffer vun där soit-disant Impfung, an/oder de méiglechen onerwënschte Wierkungen opgekläert, an dat ass ee Verbriechen. Dir kënnt also net vun engem gutt informéierte Mënsch erwaarden, dass en sech esou engem Verbriechen ënnerwërft.
     

  3. Ech sinn deen eenzegen, deen iwwert mäi Kierper ze bestëmmen huet. Dat ass mäi Mënscherecht. Dofir ginn ech als gutt informéierte Mënsch dem Drock vun engem korrupten a kriminelle Staat net no, och wa Leit ewéi ech dovunner aus ginn, dass net jiddereen deen echte Stoff gesprëtzt kritt, mee och Batche mat Placebo dobäi sinn. Mee dat ass jo an ären Aen garantéiert och erëm eng Verschwierung s Theorie. Soit!

 

Dir schwätzt vun enger fräier Bevëlkerung!

Och dat beweist alt erëm, wéi onwëssend & indoktrinéiert dass dir sidd. Mech géif an deem Kontext är Definitioun vun enger fräier Bevëlkerung interesséieren.

Dir sot dass d'Gesetzer zu Lëtzebuerg fir d'Leit alleguer gemaach ginn! Ech si mir net sécher wéi ech dat soll verstoen. Allerdéngs muss ech iech och do erëm enttäuschen. Déi Politiker, déi zanter iwwer 70 Joer un der Muecht sinn (zu engem Deel

ëmmer anerer natierlech, just dass dat kloer ass), maachen d'Gesetzer esou, dass si an éischter Linn keen negativen Effekt op si & hir Karriär hunn, an natierlech am Sënn vum Grousskapital & de multi-nationale Konzerner.

 

Dir sidd iech garantéiert emol net bewosst, dass di ganz Welt op Basis vum Handels- & Séirecht funktionéiert, an doraus schléissend och an Handelszonen opgedeelt ass. Esou Saache léiert een net a sengem Studium.

 

Kee Mënsch, deen an onse System era gebuer gëtt, ass fräi. Wat ons als Fräiheet verkaf gëtt, ass eng eenzeg Täuschung.

 

Et geet schonn domat un, dass di super Gesetzer, vun deenen dir geschwat hutt, all Bierger, deen enger bezuelter Aarbecht no goe wëll, zwéngt, eng Geschäftsbezéiung mat enger Bank anzegoen, ausser dir fannt ee Patron, dee gewëllt ass iech cash ze bezuelen, wat jo haut dës Daags praktesch eng Saach vun der Onméiglechkeet ass.

 

Ech kéint iech nach vill aner Saachen zielen, mee vu dass dir an ärer Ignoranz alles wat ech iech géif zielen, sou wéi sou als Verschwierung s Theorie géift kategoriséieren, wier dat fir mech verschwenten Zäit. Ech investéieren da léiwer meng Zäit an déi Mënschen, déi dat wësse wëllen,

an och gewëllt sinn, Zäit an d'Iwwerpréiwe vun deenen Informatiounen ze investéieren.

 

Allerdéngs ginn ech d'Hoffnung bei kengem Mënsch jee ganz op, woufir ech mir jo och di Zäit geholl hunn, iech all dat elo geschriwwent ze schreiwen.

 

Ech wënschen iech op jidder Fall, dass wann den Dag kënnt, wou dir d'Aen net méi virun der Wourecht verschléisse kënnt, ären Trauma net ze grouss gëtt.

Wann dir de Prozess villäicht elo scho starte wëllt, hei ee Link deen an deem Kontext hëllefräich ass: https://t.me/coronameenungfakten . Do kommen nämlech aner Experten ewéi déi, op déi sech ons léif Regierung berifft, zu Wuert.

 

Nach emol zur Erënnerung:

Ech waarde weider op eng offiziell Äntwert op meng läscht Mail am Numm vun der CAM oder am Numm vum Ministère de l'économie.

 

Ech si mir och bewosst, dass dës Äntwer net just un iech geet, an der Hoffnung, dass ech villäicht deen een oder anere vun ären Adressaten un d'Grübele kréien.

 

MbG

C.I.

25.08.2021

Bonjour Här Isekin,

 

Zur Kloerstellung : Ech benevolen Member vun der Commission de la Navigation. Wat den Recht vun ärem Mail ungeht, so halen ech mech un d’Sprechwuert: „ Mat dommen Leit kanns de net streiden“. Mein Liewen ass effektiv ze kuerz fir et mat esou Sachen ze verplemperen.

 

mbG

 

Marc HILBERT

Léiwen Här Hilbert,

 

Ech ginn iech 100% Recht wat volgend Punkten ugeet:

Et soll een net streiden, mee diskutéieren & debattéieren, an zwar am géigesäitege Respekt.

 

Allerdéngs erhieft dir iech iwwert mech, an dat unhand vun Informatiounen, déi dir ni verifizéiert hutt.

Dir stellt mech als domm dohinner, obwuel dir absolut net an der Positioun sidd, dat ze jugéieren.

 

Och halen ech mech léiwer mat domme Leit op, ewéi mat schlechte Leit, am Fall wou ech misst wielen.

Di Domm kënne jo net dofir dass si domm sinn, a wëssen et och meeschtens net.

Et ass also en Zeeche vu Schlechtegkeet, wann een domm Leit wéinst hirer Dommheet veruerteelt, diskriminéiert oder attackéiert.

 

Maacht iech emol Gedanken doriwwer, falls dir esou vill Guttheet an iech fannt, déi Zäit ze opferen.

 

MbG

C.I.

An nach ëmmer keng offiziell Äntwert, weder vum Ministère de l'économie, nach vun der CAM.

28.02.2022

A weider geet et...

Den 22.02.2022 hunn ech dem CAM eng Mail gemaach, fir vun hinnen d'Matiär, déi ech fir de permis côtier ze maache, kenne muss, geschéckt ze kréien:

Bonjour,

 

Heimat géif ech iech bieden, mir d'Matiär, déi fir den Examen fir de permis côtier

ze léieren ass, zoukommen ze loossen, oder mir matzedeelen, wou ech se kafe kann.

 

Falls an digitaler Form verfügbar, wier dat natierlech optimal, an dir kéint se op dës

eMail Adress schécken.

 

Falls just a materieller Form verfügbar, an et misst bezuelt ginn, wier dat och vu menger

Säit kee Problem.

 

Post Adress ass:

Christian Isekin

70 rue Baudouin

L-1218 Luxembourg

 

LG

 

ISI

Ech hunn d'Matiär bei hinnen ugefuedert, well di Klippercher, déi ech kontaktéiert hat, mech net fir d'Couren unhuele wëllen, well ech aus gesondheetleche Grënn keng Mask undoe kann. Dat stellt jo u sech schonn den Tatbestand vun enger Diskriminatioun vun enger Minoritéit duer.

Ech zitéieren hei dann d'Äntwert vun CAM vum 28.02.2022:

D’Coursen ginn, esou wéi vum Gesetz virgeschriwwen, vun den "Organismes agréés" ofgehalen.

 

Den Support an weidert Material ginn bei der Aschreiwung beim Club ausgedeelt, d.h. kontaktéiert w.e.g. en offiziellen agrééierten Club fir Iech anzeschreiwen.

 

D’Lëscht vun den Klibb fannt dir op:  https://maritime.public.lu/en/pleasure-craft/permis-navigation.html

Wat fir eng Bananne Republik ass Lëtzebuerg eigendlech?

De Staat seet:

Du muss bei ons en Exame maachen, fir mat engem Boot um Floss oder um Mier fueren ze däerfen.

Fir den Exame maachen ze kënnen, muss du natierlech dat néidegt Wëssen hunn.

Dat Wësse muss du dir bei enger net staatlecher Instanz kafen.

Wann déi net staatlech Instanz mat dir awer näischt wëll ze di hunn, da mëss du zu Lëtzebuerg de permis (côtier) net.

Dat selwecht gëllt natierlech och fir all aner Führerschäiner.

Ass et dann net esou, dass wann de Staat vun dir verlaangt, dass du gewëssent Wësse muss hunn, an dat an engem Examen beweise muss, hien eigentlech och misst gehale sinn, dir dat Wëssen zur Verfügung ze stellen, ouni dass en Drëtten, deen dir dat Wësse verweigere kann, an där Prozedur involvéiert ass?

Wat soll een dem CAM do äntweren???

Näischt

19.05.2022

Wien awer verbassen dru bleift, dee kënnt zu séngem!

Mee wat en Aarmut:

Cotier+.jpg
bottom of page