Wiert iech!
Chambre des Députés
19.10.2020
​
Haut hunn ech der Chamber, iwwert hiren online Formular, folgend Noriicht geschéckt:
Ech muss soen, ech sinn erstaunt!
Den 20.10.2020 hunn ech schonn eng Äntwert vun der Madamm Fabiola Cavallini vun der Chamber kritt.
Bonjour,
Ci-joint de Kontkat-Forumlär disponibel um Site vun der Regierung.
https://gouvernement.lu/fr/support/contact.html
Soss kann een emmer eng Petitioun areechen.
Hei sinn d'Konditiounen, déi d'Petitioun muss erfëllen
https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/DepotPetition
Mfg,
Ech hunn natierlech direkt geäntwert:
Bonjour Madamm Cavallini,
Villmools Merci fir är Äntwert.
Mam Kontakt-Formular vum Site vun der Regierung hunn ech et schonn ë puer Mol probéiert, an ni eng Äntwert kritt, genau sou wéi ech de Ministère de la santé, an de Ministère de l'état schonn ugeschriwwen hunn, souwuel um digitalen, ewéi och postale Wee, an och do ni eng Äntwert kritt hunn.
Ass dat normal, dass esou Instanzen de Bierger einfach ignoréieren?
Eng Petitioun, emol erstallt, muss fir d'éischt duerch d'Petitioun s Kommissioun, also do accordéiert ginn, a wann se accordéiert gouf, ginn eng Zäit Ënnerschrëfte gesammelt. Ass dat wärend 3 Méint?
Falls jo, an 3 Méint ka ganz vill geschéien.
Falls di Petitioun dann tatsächlech genuch Ënnerschrëfte kritt, an eng Debatt an der Chamber ofgehale gëtt, kann een net sécher sinn, dass ee fir de Petitionär, a seng Supporter positivt Resultat zustane kënnt.
Elo sot mir, dass dir dat tatsächlech als demokratesch ugesitt, an de Bierger esou tatsächlech en Afloss op d'Politik huele kann.
MbG
C.I.