top of page

De Christian vun der Famill Isekin/Hayard

​

Politeschen Aktivist...

-Fir Fräiheet & echt Demokratie

-Fir e Mënsche-wierdegt Liewen

-Fir Ëmwelt- & Déiereschutz

-Fir Onofhengegkeet vum Banke Kartell

-Fir Gesond Ernährung

-Fir alternativ Medezinn

-Fir eng Fakte-baséiert Bildung

-Fir eng fräi Entfalung vun onse Kanner

-Fir d'Fräiginn vun de Patenter fir ekologesch &

 bëlleg Energie

-Fir modern & fair Aarbechtskonditiounen

-Fir d'Aschrenkung & 100% Transparenz vum Lobbyismus

​

ISI mod.2.png

Ech hu mech ëmmer fir Soziales a Politik interesséiert, an 2015 entscheet selwer politesch aktiv ze ginn, nodeems mir bewosst ginn ass, a wéi eng Richtung onst Land lues a lues politesch a sozial gefouert gëtt.

Vu dass fir mech keng vun deene konventionelle Parteien a Fro komm wier, wollt ech fir d'éischt eng nei Partei grënnen, hunn awer dunn d'Partei fir integral Demokratie fonnt, där hir Philosophie mir zu 100% zougesot huet.

Nodeems Enn 2017 den deemolege President d'Partei wéinst Divergenze verlooss huet, gouf en(g) neie President(in) gesicht, an d'Partei huet sech fir mech entscheet.

Bis Enn 2018 hunn ech mäi Bescht gemaach, fir d'Partei an ons Philosophie ugemooss no baussen ze vertrieden.
No de Walen 2018 huet d'PID gemengt, eng weider Zesummenaarbecht mat de Pirate géif sech positiv auswierken. Fir mech perséinlech ass dat awer net a Fro komm, well den deemolege President vun de Piraten a mengen Aen Demokratie just priedegt, se awer net selwer applizéiert, an hu mech aus dem Partei-politesche Milieu zeréck gezunn, a mech der Bierger-Initiative "Bierger Fir Bierger" ugeschloss.

No 6 Méint huet sech d'Situatioun awer glécklecherweis erëm geännert, an d'PID huet sech vun de Pirate getrennt, wat dozou gefouert huet, dass ech erëm aktiv bei der PID matschaffen.

​

Ech setze mech ganz stark fir eng Zesummenaarbecht mat allen Instanzen, déi eng modern direkt Demokratie um Agenda hunn, an, a weess dass just esou eng Zesummenaarbecht dat gewënschte Resultat brénge kann.

bottom of page