top of page

​Ech sinn den ISI. Meng personne juridique gouf Christian H. Y. Isekin genannt.

​

Ech gouf zu Esch/Uelzecht gebuer, mee sinn zu Bäreldeng (Gemeng Walfer) opgewuess.

​

Ech si Museker (Gesang, Gittar, Piano & Lidder schreiwen), begeeschtere mech fir nei Technologien, Ëmwelt an Déiereschutz, a kenne mech am IT Beräich zimlech gutt aus.

Vun Oktober 1990 bis Juli 1994 war ech an der Arméi, a war bei 2 gréissere Missiounen dobäi:

1991 - Irak (NATO)

1992 - Jugoslawien (UNO)

​

1994 hunn ech meng "Demande de libération" agereecht, a sinn als Kaperol-Chef entlooss ginn.

​

Dono hunn ech eng Zäit am Assurance Secteur, an niewebäi och Maart Fuerschung s Secteur geschafft.

​

1997 sinn ech op London ausgewandert, wou ech Studien am Beräich Musek gemaach hunn.

Fir mäin Iwwerliewen zu London ze garantéieren, hunn ech an de Beräicher Marketing, Maacht Fuerschung an Iwwersetzungen geschafft. E Mann dee 4 Sprooche schwätzt, ass zu London e gefroten Artikel. ;-)

​

Den ISI

20191206_202839.jpg

08.05.1972

2001 huet et mech zeréck op Lëtzebuerg gezunn, wou ech mech fir eng berufflech Karriär am ëffentlechen Transport entscheet hunn, vu dass ech gär a Beweegung sinn.

 

Ech beschäftege mech och intensiv mat Krypto Währungen, well ech an hinnen ons finanziell Befreiung gesinn, d.h. d'Befreiung aus der Banke Sklaverei.

​

Mäin allerneisten Hobby ass elo allerdéngs d'Schafen a manage vu Websäiten.

E puer Fotoe vu mir

ISI 1972.png
ISI 1977.jpg
ISI 1984.jpg
ISI 1975 (5).png
ISI 1981.jpg
ISI 1988.jpg
ISI 2000-2.JPG
ISI 2000.JPG
ISI 1997.jpg
ISI 2003 2.JPG
bottom of page