Flag DE-png.png

Elo oder ni!

Bierger fir Bierger ass eng Beweegung, där hiert Ziel et ass, e méi gerechte politeschen, sozialen a wirtschaftleche System ze erreechen.Et soll sech global ausdeenen, well et net méiglech ass, ons Iddie just an engem Land ëmzesetzen.

Ënnert dem Punkt "Grondiddiginn déi eenzel Haapt Schrëtt erkläert.

D’Politiker sollen dat maache wat d’Majoritéit vun de Bierger wëll. Leider ass de politesche System awer esou opgebaut, dass dat ni de Fall ass. E Mol gewielt, kënnen d'Politiker 5 Joer maache wat se wëllen, kaschten den Steierzueler enorm vill Geld, och wann se a Pensioun sinn, a kënnen an där Zäit vu 5 Joer vill Schued uriichten. Et ginn ëmmer di selwecht gutt zerwéiert, a fir di meeschte Bierger bleiwe just e puer Grimmele iwwreg. Lues a lues fält alles zesummen. De Sozial System, de Finanz a Wirtschaft s System, d’Bildung, Renten an d’Gesondheet. Esou ass et an anere Länner, an et kënnt och bei ons. Dat kann awer verhënnert ginn, well mam technologesche Fortschrëtt hu mir haut d’Méiglechkeeten alleguer vill méi Afloss op d’Politik ze huelen. Eegeverantwortung an Transparenz. Mir mussen de Wiessel zu engem besseren a moderne System woen, an ons endlech d’Muecht zeréck huelen.

Bierger fir Bierger wëlle vu Kengem Geld, oder eng gutt bezuelte Positioun an der Politik oder soss enger Organisatioun.

Bierger fir Bierger wëlle just hir Iddie verbreeden, esou wéi eng "modern direkt Demokratie", an erausfanne wéi vill Leit sech mat deenen Iddien identifizéiere kënnen, fir dann all zesummen eng méi gerecht a besser Zukunft fir ons all ze schafen.

 
FB Profile pic.png

Notiz:

De farwege Logo vu BfB steet a kenger Relatioun zu aneren Organisatiounen, déi en änleche Logo hunn!