
Meng Noriichten un d'Deputéierten & Minister zu Lëtzebuerg
Préface:
Wien näischt seet, respektiv sech net wiert, stëmmt zou, ouni dat ze wëssen.
Firwat stëmmt déi Ausso?
Well di konventionell Politiker am aktuelle System esou laang HIR Entscheedungen huelen & ëmsetzen, ouni d'Vollek doriwwer ze befroen, bis genuch Mënschen sech opreegen, Bréiwer un d'Politiker schreiwen, sech op de soziale Medien äusseren, oder beschtefalls op d'Strooss ginn. Zumindest déi Leit, déi d'Konsequenze vun den Entscheedungen novollzéie kënnen, maachen dat.
Ech wëll op dëser Säit den aktuelle Politiker matdeelen, wat ech iwwert hir Entscheedungen, an hir Aart a Weis Politik ze maachen, denken, a woumat ech net d'Accord sinn, a firwat. Fir dass et net ofzestreiden ass, dass ech hinnen dat matgedeelt hunn, maachen ech dat hei op menger Websäit, a schécken hinnen fir all neie Beitrag de Link zu dëser Säit.
2022-05-20
Dir Dammen & Häre Politiker,
Dir beruft iech jo gär op Leit vum Fach.
Hei fannt dir en Dolkument, dat ee positiven Afloss op är weider Politik zum Thema Corona kéint hunn.
2022-04-17 Krich an der Ukraine
Dir Dammen & Häre Politiker,
Vu dass ech mir den Dreck vun de Lëtzebuerger Leitmedien scho laang net méi kann undoen, weess ech net wat dir zum Thema Ukraine-Krich sot.
Et mécht mech nodenklech, dass sech elo, dat heescht zanter dass Russland sech gezwonge fillt, an de Krich anzegräifen, dee jo schonn zanter 2014 leeft, skandaliséiert gewise gëtt.
Iwwer Joren huet d'NATO hiert Verspriech gebrach, sech net weider méi no u Russland ze positionéieren. Et kann ee sech just eng gewëssen Zäit laang mam Fixfeier ameséieren, bis d'But dann ebe brennt.
Ech hoffen, dass dir iech och bewosst sidd, a wéi engem Mooss Desinformatioun iwwert dee Krich bedriwwe gëtt.
Laut mengen Informatiounen, an di kommen direkt aus der Ukraine & Russland, geet di Russesch Arméi an der Ukraine esou vir, dass esou mann ewéi méiglech Zivilisten zu Dout kommen & esou mann ewéi méiglech zivil Ariichtungen zerstéiert ginn.
Jo, d'Leitmedien zielen ons eppes anescht, mee mir wësse jo och firwat.
Op jidder Fall sollt keen anert Land sech an dee Krich amëschen, zemools kee Member-Staat vun der NATO, well dat géif mat grousser Sécherheet zum 3. Weltkrich féieren.
Ech kann iech folgend Quelle wäermstens recommandéieren:
https://t.me/neuesausrussland https://www.anti-spiegel.ru https://t.me/chrishoerstel
2022-04-11 Corona - SARS-CoV-2
Iwwert d'Politik zum Thema SARS-CoV-2, respektiv Covid-19, dierft ech eigentlech näischt méi soe mussen, mee vu dass nach ëmmer vill ze vill Leit alles gleewe wat d'Politiker & d'Leitmedien doriwwer soen...
Dir Dammen & Häre Politiker,
Vu dass et net anescht méiglech ass ze denken, dass dir no 2 Joer d'Wourecht iwwert d'Affär Corone wësse musst, well jo all Fakte scho laang publizéiert goufen, muss ech dovunner ausgoen, dass dir bewosst géint d'Wuel vu Land & Vollek handelt. Firwat dir dat maacht, ass mir och bewosst. NWO, Great Reset, perséinlech Beräicherung (wat jo an der Politik net nei ass).
Wat ech allerdéngs net weess: Sidd dir iech bewosst wou dat hi féiert?
Ech war vun Ufank un (Februar/Mäerz 2020) mat ären Entscheedungen net d'Accord. Meng Meenung huet sech am Laf vun der Zäit, duerch all déi Informatiounen, déi ech Dag fir Dag kritt hunn, just gefestegt. Ech weess awer, dass den Dag vun der Ofrechnung kënnt, an dir wéinst ärem Verrot um Vollek zur Rechenschafte wäert gezu ginn. Dir schéngt iech där Tatsaach nach net bewosst ze sinn.
Ech hu banne menge bal 50 Joer an dëser Existenz geléiert, dass wat een sech méi laang net der Wourecht & senge Problemer stellt, wat et ëmmer méi schlëmm gëtt. Stellt iech w.e.g. der Wourecht & acceptéiert d'Konsequenze vun ärem Handelen, da bleift iech wéinstens nach eng Grimmel Respekt vum Vollek, dass dir dat gemaach hutt. Am anere Fall, wann dir also bis zum batteren Enn äert kriminellt Verhale weider féiert, wäert iech keen Erbaarmen zegutt kommen.
2022-04-11 Verfassung s Reform
Eng Verfassung ass als Fundament vun engem demokratesche Recht s Staat geduecht. Et soll di wichtegst Reegelen, no deenen d'Gesellschaft vun dem Staat gereegelt soll ginn, a sech hunn. Reegelen, déi an enger Verfassung stinn, sollen ni durch aner Gesetzer relativiséiert oder ausser Kraft gesat dirfe ginn. Eng Ännerung vun enger Verfassung, egal wéi grouss oder kleng, sollt ni dierfe vun den aktuelle Politiker virgeholl ginn, ouni d'Vollek iwwert all eenzel Ännerung ze befroen.
Di Tatsaach, dass ons aktuell Regierung awer genau dat elo maache wëll, léisst erkennen, dass di aktuell Regierung (an ee groussen Deel vun den Deputéierten) eng ongesond Relatioun zur Verfassung an zur Demokratie huet.
Ech fuerderen iech op, keng Ännerungen ouni d'Zoustëmmung vum Vollek virzehuelen.
Allerdéngs denken ech awer och dass ons Verfassung iwwerschafft muss ginn, well si jo scho laang net méi der Definitioun entsprëscht, déi ech am Ufank vun dësem Text ginn hunn.