Justiz
26.03.2020
Opruff zum Haass op Facebook & Websäit
1. Kontakt mat der Police judiciaire.
Ufank September 2020 hunn ech folgende Bréif vun der Police Judiciaire kritt:
Nodeem mech dëse Bréif erreecht hat, hunn ech dem Agent vun der Police judiciaire, deen ech 2019 schonn hunn däerfe kenne léieren, folgend Mail gemaach:
Bonjour Här XXXXX,
Ech schreiwen iech, fir Detailer am Zesummenhang mam Dossier XXXXXXX ze kréien.
​
Trotz dass ech weess, dass ech nimools bewosst Opruff zum Haass géif maachen, hunn ech meng Facebook Chronik nogekuckt, an awer näischt fonnt, wat als solches ze deite wier.
Kënnt dir mir w.e.g. d'Detailer mailen, sou dass ech mir dat kann ukucken.
Den 15. September kann ech leider net bei iech kommen, well ech de Moment ganz vill am Ausland ënnerwee sinn, an och nach net weess, wéini et bei mir geet. Ech si jo pensionéiert, an hunn och weider keng Verflichtungen doheem.
Well ech jo scho weess wéi dat bei ierch ofleeft, stellen ech mir di Fro, ob dir mir net einfach de Froe-Katalog kënnt schécken, an ech iech d'Äntwerten an digitaler Form schécken. Schliisslech ass et jo net korrekt, dass ech meng Pläng iwwert de Koup geheie muss, a meng Liewen s Zäit muss opferen, well iergendeen sech bei iergendeppes wat op Facebook geschriwwe gouf, skandaliséiert mengt weisen ze mussen, an ech antscheinend do an iergend enger Form involvéiert sinn.
MbG
Christian Isekin
Äntwert vum Agent:
Gudde Moien Här ISEKIN,
Merci datt Dir Bescheed gesot hutt datt Dir net kënnt kommen.
Dir hutt den Beitrag, den ech Iech en Annex ugehaang hunn op ärer Pinnwand gedeelt, dat war zu dem Zäitpunkt en YouTube Video. Den kënnt Dir net méi fannen well den Video vun YouTube geläscht gouf. Ech hunn den Video, dat sinn awer 29 MB.
Die Protokolle der Weisen von Zion ass eng antisemitesch Schrëft déi am Ufank vum 20. Jorhonnert verëffentlecht gouf. Den Inhalt ass komplett erfonnt an gëtt neierdéngs erëm benotzt fir zum Haass géint Judde opzeruffen déi onberechtegter weis responsabel fir eng ganz Rei Saachen gemaach ginn.
Et ass dann och fir zweet datt Dir eppes verëffentlecht wat an den Beräich vum Antisemitismus geet. Ech kann Iech och schonn verroden datt nach Dossieren do leien. Ech maachen d ‘Dossieren awer der Rei no, sou datt verschidden Leit déi mengen ëmmer missen egal wat ze publizéieren net méi den Privileg hunn, datt alles zesummen opgeschafft gëtt. An och bei den aneren Dossieren ass et Antisemitismus respektive Minimiséierung vum Holocaust. Do huet och eng Persoun dorop opmierksam gemaach datt dat net geet, mee amplaz dann är Verëffentlechung an Fro ze stellen respektive ze iwwerleeën, maacht Dir nach den Geck domat.
Wann Dir Saache verëffentlecht oder deelt déi strofbar sinn, kann et keng Excuse sinn dat onbewosst gemaach ze hunn. Villäicht eng Kéier awer net an dem Rhythmus ewéi Dir dat maacht. Dann verëffentlecht oder deelt näischt wat Dir net verstitt.
Et ass schonn esou virgesinn datt Dir op den Büro kommt, Dir hutt jo meng Donnéeën an kënnt Iech mellen wann Dir Zäit hutt, datt soll awer schonn an den nächsten 3 Wochen sinn. Ech denken een den 1972 gebuer ass an schonn pensionéiert ass an all Dag esou vill Blödsinn publizéiert (dat ass meng perséinlech Meenung) och misst Zäit hunn op den Büro ze kommen. Wann Dir awer refuséiert ze kommen dann geet den Dossier ouni Är Aussoen bei den Parquet.
Mat beschte Gréiss
Piece, déi den Agent mir matgeschéckt huet.
Meng Äntwert:
Bonjour Här XXXX,
Wat soll ech iech iwwert ee YouTube Video zielen, deen ech am Mäerz soll op Facebook gedeelt hunn, deen awer net méi op YouTube existéiert?
Wéi ech iech a menger éischter Mail jo och scho gesot hunn, kann ech a menger Facebook Chronik och kee Post fannen, an deem dee Video soll sinn.
Ech konsuméieren zanter Jore Massen un Informatiounen, well ech dat laang Zäit net gemaach hunn, a vill nozehuelen hunn. Do kann ech mech net un all eenzel Informatioun, gedeelt oder net, erënneren.
Egal wat an deem Video gesot gouf (wourun ech mech absolut net méi erënneren); Huet net all Mënsch ee Recht op Informatioun, an ee Recht dorop, sech eng eege Meenung ze bilden? Wien däerf entscheeden,
wéi eng Informatiounen, Philosophien oder Meenungen verbreet (ausgeschwat, geschriwwen, oder als Audio oder Video) dierfe ginn, a wouriwwer aner Mënschen sech eng Meenung dierfe bilden.
Wa gewëssen Informatiounen net méi dierfen zirkuléieren, da si mir scho matten am Faschismus.
An de Schoule gi jo och verschidde geschichtlech Theme behandelt, ënner anerem den zweete Weltkrich. Mech hat dat als Kannt net wierklech interesséiert, well ons an der Schoul ni vermëttelt gouf, wéi wichteg dat, wat an der Vergaangenheet geschitt ass, fir ons Zukunft ass. Mee wien di offiziell Versioun vun der Geschicht vu WW2
agetriichtert kritt, an dat hannerfreet, mécht sech op d'Sich no alternativen Informatiounen. Däerfen déi dat? A mengen Aen ganz kloer JO! Dir däerft ni vergiessen, dass d'Geschicht (zumindest di offiziell Versioun) vun deene geschriwwe gëtt, déi de Krich gewonnen hunn, an dat sinn di ultra räich, well déi de Krich och finanzéiert hunn,
an zwar oft esouguer di zwou Säiten. Wann dir dat nach net wësst, da misst dir iech, esou wéi ech et elo zanter Jore maachen, och emol an alternative Medie schlau maachen. Just di brav System-Schof, an di Faul, gleewen just dat, wat si um sëlwer Plateau zerwéiert kréien.
Dir hutt ee Recht op är Meenung, mee wann et ëm äre Beruff geet, däerf är Meenung keen Afloss op är Aarbecht hunn. Dir musst also neutral sinn, genau wéi Journalisten EIGENTLECH neutral misste sinn, wat, wéi mir awer wëssen, leider och net méi de Fall ass, an dat schonn zimmlech laang.
Wien mech kennt, weess, dass fir mech Gerechtegkeet dat aller Wichtegst am Liewen ass, an dass ech ëmmer drop pochen, dass net soll oder dierf generaliséiert ginn, sief et op Basis vu Relioun, Natioun, ethnesch Ofstamung, Beruff oder soss enger Grupp vu Mënschen, déi iergend eppes gemeinsam hunn. Ech begéinen och ganz oft Artikel, a wéi enger Form och ëmmer, wou géint Judde gewiedert gëtt. Ech argumentéieren och do ëmmer:
"Et dierf een net generaliséieren. Et ginn iwwerall Gudder a Schlechter."
Ech sinn ee Mënsch mat Charakter a Prinzippien. Ech maache mech staark fir eng fräi Gesellschaft, mat Zougang zu allen Informatiounen.
Nach emol: D'Ënnerschloen, d'Ënnerdrécken oder d'Verbidde vu gewëssen Informatiounen ass Faschismus.
Wëlle mir Faschismus? Wëll dir iech virschreiwe loossen, wat dir wëssen däerft a wat net? Wéi kënnt dir wëssen, ob är Meenung op deene richtegen Informatioune berout?
Dir wësst jo, dass ech politesch aktiv sinn.
Ass et dann, ofgesi vun ärer perséinlecher Meenung iwwert dat wat ech soen, schreiwen oder op soziale Medien deelen, net offensichtlech, dass hei vun anere politeschen Instanze probéiert gëtt, mir ze schueden, a mech mond-dout ze maachen?
Wann dir iech meng Proposen op "www.bfb.lu" duerch liest, verstitt dir wat ech mengen. Wien d'Politiker an hirer aktueller Form ofschafe wëll, an ee vill méi gerechte System fir di ganz Mënschheet fuerdert, ass predestinéiert, vun de Profiteure vum aktuelle System ugegraff ze ginn.
Bon! Natierlech kann et och sinn, dass sech gewësse Leit, déi esou Videoen ewéi deen, ëm deen et am Dossier XXX geet, skandaliséiert weisen, well si vum System esou indoktrinéiert sinn, dass et fir si schonn normal ass dass gewëssen Informatiounen einfach ënnerdréckt ginn, an déi och direkt als anti-Jüddesch astufen. Wat aner Leit iwwert gewëssen Informatiounen denken, oder eran interpretéieren, geet vun hinne selwer aus, an net vu mir.
Fir mech ass wichteg, dass jiddereen all Form vun Informatioune konsuméieren däerf, an sech seng eege Meenung bilt, oder ass d'Majoritéit vun de Leit ze domm dofir, a muss viru gewëssenen Informatioune geschützt ginn? Falls jo, wien entscheet dass di Leit ze domm sinn? Wien entscheet, wéi eng Informatiounen net un di Leit erun dierfen? Wou hält de Schutz op, a wou fänkt Zensur (an all senge Formen) un?
Wann dir och nach ëmmer gleeft, dass de SARS-CoV-2 tatsächlech een iwwerméisseg geféierleche Virus ass, an all Mesuren, déi dem Lëtzebuerger Vollek vum Lëtzebuerger Staat opgezwonge goufen, wierklech gerechtfäerdegt ware/sinn, da roden ech iech onbedéngt iech emol ganz intensiv mam Facebook Grupp "Corona, Meenung a Fakten" auserneen ze setzen.
Mäi Gewëssen ass reng, a wann dir mengt, dir misst Kompliz spillen, fir mech a mäi Liewen ze zerstéieren, da maacht w.e.g. en Ausdrock vun dëser Mail, leet en an den Dossier, a schéckt en op den Instanzewee, well ech muss mir selwer trei bleiwen, a mengen Iwwerzeegunge follegen, well soss ass mäi Liewe sou wéi sou näischt wäert.
Och géif ech iech bieden, fir all weideren Dossier, dee mech ugeet, wou dir nach do leien hutt, mir mat der Convocatioun direkt, ouni dass ech et muss nofroen, de Maximum un Informatioune matschéckt, sief et per Mail, sief et per Bréifpost. Meng Liewenszäit ass mir wichteg, an ech kréien se net gär vun Anere gestuel.
Ech hoffen och, dass dir näischt wat ech elo hei geschriwwen hunn, ënner Ëmstänn als perséinlechen Ugrëff op iech deit, well absolut näischt ass als Solches vu menger Säit gemengt, an et ass mir wichteg dass dir dat och esou verstitt, wéi et mir gemengt ass.
MbG
Christian Isekin
Äntwert vum Agent:
Rebonjour Här ISEKIN,
ass fir mech keen Problem, ech kann Iech versécheren datt ech näischt perséinlech geholl hunn. Sou wei Dir et proposéiert leeën ech Är Mail an den Dossier. Fannen et just Schued datt wann Dir esou oppen wëllt sinn net op den Büro kommt fir villäicht emol den Fong vum Problem ze klären. Virun allem wou der gesitt hutt datt dat bei eis ganz roueg erof geet.
Wéinst der Form muss ech d ‘Leit ëmmer iwwert den offiziellen Postwee convoquéieren an bei Bedarf kann ech ëmmer nach zousätzlech Informatiounen weiderginn.
Ech wënschen Iech nach en schéinen Dag.
Meng Äntwerten:
Villmools Merci fir är Äntwert.
De Problem läit net bei mir, also musst dir mat deene Leit schwätzen, déi den tatsächlesche Problem geschafen hunn.
Et ass och wéi gesot, guer net dass ech net wëll bei iech kommen, a mat iech schwätzen, mee leider gesinn ech net, wat ech iech zu deem Dossier anescht kéint soen ewéi dat wat ech iech elo geschriwwen hunn.
MbG
C.I.
Bonjour nach emol Här XXXXX,
Ech wollt nach nofroen, ob dee Screenshot, deen dir mir matgeschéckt hutt, déi eenzeg (soit-disant) belaaschtend Piece ass, unhand vun där dir den Dossier XXXXXXXX opgemaach hutt, oder ob dir nach aner Piecen hutt.
Falls dir nach aner Piecen hutt, géif ech iech heimat bieden, mir déi och zoukommen ze loossen, sou dass ech mir ee prezist Bild vun der Situatioun maache kann.
Merci an Viraus,
​
MbG
C.I.
Äntwert vum Agent:
​En Annex den ganzen Screenshot den an der Bee Secure Meldung war. Ech well awer präziséieren datt dat net virgesinn ass datt Dir op den Wee déi zousätzlech Informatiounen kritt, dat ass just en Choix vun mir.
MbG
​
XXXXXX
Meng Äntwerten:
Villmools Merci Här XXXXXX,
​
Di Tatsaach, dass dir iech dofir entscheet hutt, mir di Piècen zoukommen ze loossen, beweist äre Sënn fir Gerechtegkeet, an dat schätzen a begréissen ech ausseruerdentlech.
​
Fairerweis soen ech iech awer och, dass ech all meng Affäre publik maachen, fir dass och aner Leit gesinn, mat wat engem Bierger, deen sech näischt virzewerfen huet, seng Liewenszäit geklaut gëtt, an eventuell, falls et op d'Gericht kënnt, och säi Geld. Natierlech gi keng sensibel Date vun iech publizéiert.
​Mb​G
C.I.
18.11.2020
Wéi ugekënnegt, huet den Här vun der Police Judiciaire sech nach emol gemellt, a mat mir ee R.V. fir ee Gespréich ausgemaach. Dass hien sech perséinlech per Telefon bei mir gemellt huet, an di Tatsaach dass hien mat mir zesummen ee R.V. ofgekläert huet, muss een him héich urechnen. Och dass hien elo awer di 3 weider Dossieren mat mir an enger Kéier kläre wëll. Stéchdag ass den 11.12.2020
07.08.2021
​
An dëser Affaire ass Folgendes elo geschitt:
-
Mir gouf am Juni vu mengem Affekot matgedeelt, dass ech net u menger Verhandlung Deel huelen dierf, well ech aus gesondleche Grënn keng Otemschutz Mask droe kann. Dat eleng ass schonn ee Skandal! Ech konnt also keng Aussoe viru Geriicht maachen, keng Argumenter virbréngen, an och net kontrolléieren, ob mäin Affekot genau dat an der Verhandlung gesot huet, wat ech wollt.
-
Et gouf en Urteel gesprach, dat klore Mënscheverstand definitiv net erkenne léisst.
1 Joer Prisong mat surcis, plus 1500€ Geldstrof.
Dat Urteel kann definitiv net gerechtfäerdegt ginn, an et gesäit esou aus, wéi wann et hei guer net ëm déi Reproche geet, wéinst deenen ech op d'Geriicht geruff gouf, mee dorëm, de mech anzeschüchteren.
Mäin Numm ass a politesche Kreesser wäit vun onbekannt, an ech sinn dem politeschen Establishement ouni Zweiwel en Dar am Aen, well ech kee Blaat virun de Mond huelen, a kriminell Politiker och ëffentlech als Solch bezeechnen.
Natierlech gouf Appell géint dat Urteel agereecht.
Elo bleift ze kucken, ob sech beim Appell ee Richter der Saach unhëllt, deen de Fall gesäit fir dat wat en ass, oder och esou handelt ewéi dee Richter an éischter Instanz.
​
Di ganz Geschicht misst deenen, déi nach klore Mënscheverstand hunn, d'Aen op maachen, sou dass si erkennen, wéi grous d'Korruptioun an d'Kriminalitéit a Regierungs- a Justizkreesser zu Lëtzebuerg sinn.
10.12.2021
​
Den 8.12.2021 huet d'Geriicht an 2ter Instanz d'Urteel aus éischter Instanz confirméiert.
Dat ass a mengen Aen den onbestreitbare Beweis, dass de Justiz-System zu Lëtzebuerg genau esou korrupt a kriminell ass ewéi d'Politik & aner Beräicher vum Staat s Apparat.
Et soll nach emol betount ginn, dass ech mir ni eppes Eeschtes zu Schold komme gelooss hunn, näischt am Casier Judiciaire stoen hat, ëmmer Minoritéite verdeedegt hunn, an mech ëmmer dofir ausgeschwat hunn, dass jiddereen säi reliéise Glawe fräi an ongestéiert soll kënnen ausliewen, sou laang een domat anere Mënschen hir Fräiheet net aschränkt, an hir psychesch a physesch Gesondheet net a Gefor bréngt.
Ech hu mech nimools an eng Richtung geäussert, dass ech en Haass op Mënsche vu jiddeschem Glawen, oder iergend enger anerer Grupp vu Mënschen hunn, an/oder esou een Haass verbreede wëll, mee genau de Géigendeel.
De System mëssbraucht Gesetzer, déi vu kriminelle Politiker gemaach goufen, fir Mënschen ewéi mech ze ënnerdrécken & mond-dout ze maachen. Dat wäert hinnen awer net geléngen, well ech wäert bis zu mengem Dout fir Recht & Gerechtegkeet astoen, egal wat d'Konsequenze sinn.
All Mënsch ass vun Natur aus gläich zu allen anere Mënschen, an huet di selwecht (Natur-) Rechter.
Et ass de politeschen & soziale System, an dem mir liewen, deen deem enge Mënsch méi Wäert zou rechent ewéi engem aneren.
D'Mënschheet gouf iwwert Joerhonnerten an ee mentalen Zoustand manövréiert, an deem Villes als normal ugesi gëtt, wat eigentlech total irrational, onlogesch & aus der Perspektiv vun den Natur Rechter ongerecht ass.
Ech sinn awer iwwerzeegt, dass mir grad ee Prozess vun der Verännerung duerchlafen, wou mir um Enn erëm zu onse Wuerzelen zeréck fannen.
07.01.2022
​
Ech hunn haut vun der Police judiciaire en Uruff kritt. De Mann war ganz fein, an huet mech gefrot, wéini ech bis bei hien op de Bureau kéint kommen, de Parquet wier nämlech net frou mat menge Meenungsäusserungen am Bezuch op de System, a speziell mat menger Meenung zum Justiz Apparat. Och wier den Här Parage net frou mat menge Froe gewiecht, déi ech him per eMail geschéckt hunn.
Et ass verständlech, dass Leit, déi bewosst oder onbewosst an engem korrupten & kriminelle System schaffen, net frou sinn, wann een, deen dat erkannt huet, seng Meenung dozou ëffentlech seet oder schreift.
Ech hunn dem Här gesot, dass ech just als Mënsch bei hien kommen, an net als di juristesch Persoun, déi mir kuerz no menger Gebuert opgezwonge gouf. Dat huet hien net verstaan. Ech wäert da probéieren him dat ze erkläre wann ech en gesinn.
Folgend Mail hat ech dem Här Parage vun der PJ, nom Jugement an 2ter Instanz a menger Anisemitismus Affär, geschéckt:
​
Moien Här Parage,
Sidd dir elo stolz op iech?
Gesitt dir elo är déck Pai als gerechtfäerdegt?
https://www.isekin.lu/justiz-antisemitismus
Ech hoffen dir hutt iech dee gudde Stoff scho sprëtze gelooss, aus Solidaritéit natierlech, a well ë jo esou immens hëlleft fir kee Covid méi
ze kréien, an aner Leit net méi unzestiechen.
Wake up! Wake up! Wake up!
LG
C.I.
​
Seng Äntwert publizéieren ech fir de Moment net.
​
Hei awer nach meng Äntwert op seng Äntwert:
​
Här Parage,
Et gouf guer kee Problem mat menge Publikatiounen. De kriminelle System huet de Problem geschaaf.
All normale Mënsch kann vu senger Gebuert un di mental Kapazitéiten entwéckelen, sech seng eege Meenung iwwert alles ze bilden, wat e mat senge 4 haapt Sënner ophëlt. Kee Mënsch brauch de Staat oder ee Gericht, fir hien viru Saachen ze schützen, wou déi Instanze wëlle gleewen doen, dass si mengen, dat hätt ee schlechten Afloss op Mënschen. Et ass de Mënschen hir Liewensphilosophie déi ausmécht, ob si sech vun äussere Reize positiv oder negativ beaflosse loossen.
​
Dir wëllt och einfach net verstoen, dass di 2 Urteeler net opgrond vun dem geschwat goufen, wat ech op verschiddene Plattforme publizéiert hunn, mee wéinst menge politeschen Usiichten, also fir mech entweder monddout ze maachen, oder noutfalls aus dem Wee ze raumen, andeem ee mech ewech späert. Dir bleift léiwer an ärer Iddi vun enger heeler Welt. Mee och dir kommt iergendwann net méi dolaanscht iech selwer agestoen ze mussen, wat gewësse Leit, an all Matleefer aus där emol wonnerbarer Welt gemaach hunn.
Dir kënnt iech selwer verbidde wat dir wëllt, (dir hutt sou wéi sou net verstane wat ech wollt soen) mee menger juristescher Persoun, déi ech verwalten, kënnt dir just verbidden, wat iech di Mënsch-gemaache Gesetzer erméigleche mir ze verbidden. Déi Gedanken, déi ech als Mënsch ausschwätzen oder schreiwen, déi meng Meenung ausdrécken, kënnt dir mir net verbidden.
Dir wësst jo dass ech zum Schluss vu menge berufflechen Aktivitéite Beamte bei der Stad Lëtzebuerg war. Wat dir awer net wësst, ass, dass ech mech speziell zanter elo bal 2 Joer, wou ech an der INVALIDERENT sinn (an dat net fräiwëlleg), kierperlech & psychesch mat där Aarbecht déi ech fir d'Mënschheet maachen (also och fir iech), an déi fir mech absolut onverzichtbar ass, drop maachen ewéi ni virdrun a mengem Liewen. Dir wäert dat an ärer heeler Schäin-Welt natierlech anescht gesinn, mee bon.
Ech hoffen dass dir mir wéinstens dat gleewe kënnt, dass wat ech iech schreiwen net als Ugrëff op iech geduecht ass. Mäi But ass et, iech ze motivéieren, äre mentale Prisong ze verloossen, an der Realitéit an d'Aen ze kucken. Nee, d'Realitéit & d'Wourecht sinn definitiv bei wäitem net esou bequeem ewéi di Matrix & di Illusioun vu Fräiheet an där vill Mënschen nach gefaange sinn, mee se féiert onweigerlech zu engem echte Sinn, an zu där Welt, déi um Ufank fir ons geschaafe gouf, och wann dat net vun haut op muer méiglech ass, well schliisslech ass di Matrix, déi vill Leit nach ëmmer fir real halen, och net vun haut op muer entstanen.
Ech wënschen iech op alle Fall, dass dir keen ze traumatescht Erwächen erliewen wäert, oder är Ignoranz esouguer zum verloosse vun dëser Existenz féiert, wat bei ville Séilen, speziell an de leschten 12 Méint, schonn de Fall war.
Alles Guddes,
Den ISI
(dat sinn ech, well ech identifizéiere mech net méi mat menger juristescher Persoun)
​
​
​
Déi jo elo nei Affär kritt dann hei och eng nei Säit, a wann ech bis all Dokumenter hunn, fannt dir de Link och am Menü Punkt "Justiz".
Hoffe mir emol, dass ech d'Geleeënheet kréien, se bis zum Schluss ze dokumentéieren, éier se mech ewech spären!