• World of shards
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00
  • SOS
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00

Vu klengem un war ech schonn ëmmer begeeschtert vu Musek s Instrumenter. Stoung iergendeppes do wat en Toun gemaach huet, hat ech meng Fanger drun.
Ëm den Alter vu 7 Joer krut ech an der Vakanz a Spuenien eng kleng Kannergittar geschenkt, an hunn deemols mäin éicht Geld mat der Musek verdéngt. Ech souz op enger Traap mat der Gittar ze klimperen, an Leit di lanscht gaange sinn, hu mir Geld ginn.  

Doheem hunn ech ëmmer mat all Musek wou ech fonnt hunn, matgesongen.

1992 hunn ech mir dunn eng elektresch Gittar mat engem Mesa Boogy Kaiber 50 Verstäerker kaf. Super Geschir. 

Nodeems ëmmer méi Leit, déi mech emol sangen héieren hunn, mir gesot hunn, ech soll Sänger ginn, hunn ech mech méi op de Gesang konzentréiert, eng Gesang s Anlag kaf, an eng Band gesicht.

  • A seat for life
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00
  • Your very good friend
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00

Di éicht Band war eng vun Iron Maiden, Helloween a Queensryche beaflosst Band, mat ganz gudde Museker. Leider koum et mat där Band just zu engem Concert, wou mir ënnert dem Numm "Silver Rain" opgetruede sinn. Et goufe Lidder gespillt ewéi "Revolution, First Love, Different Worlds an There's No Justice".

Dono gouf eng Band mam Numm "Damn Bullets" gegrënnt, wou gréisstendeels déi Lidder gespillt goufen, déi ech an der Zwëschenzäit geschriwwen hat.

Titelen ewéi Apology, Murderer, Mortar 81, The Endless Grey an Bad Dreams (vum Gittarist geschriwwen).

No e puer Jam sessions mat engem top Drummer aus dem Minett, hunn ech mech entscheet mäi Gléck am Ausland ze sichen, a sinn am Abrëll 1997 mat mengem VW T3 op London gefuer, wou ech an enger Schoul "The Power house"  Gesang s Kueren geholl hunn.

Séier hunn ech Uschloss a verschiddene Bands fonnt. Di éischt huet "I" geheescht, déi awer spéider an "The Bards" ëmgenannt gouf.

  • Selfish child
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00
  • Hat & Woman
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00

1999 sinn ech dunn an eng Band mam Numm "Dazed" komm, déi just covers gespillt huet. Spéider ass och dës Band ëmbenannt ginn, an zwar an "Loaded".

2000 hunn ech och nach mam Gittarist vu mengem eegene Projet "ISIKING" eng Band mam Numm Sex, Drugs & Spandex" gegrënnt, mat där mir awer nie en Optrëtt haten, well ech Ufank 2001 ganz zeréck op Lëtzebuerg gaang sinn.

Leider kann ech mech net méi genau un d'Zäitperioden erënneren, mee zeréck zu Lëtzebuerg, hunn ech eng Zäit mat Fokus (Cover Band) gespillt, mäin eegene Projet "ISIKING" weidergefouert, e puer Joer och an der Band "Seven Seasons" (Cover Band) gesongen, a verschidde kleng Projete probéiert.

ISIKING huet sech mat der Zäit zu engem Projet entwéckelt, wou mir 1/3 eege Stécker, an 2/3 Covere gespillt hunn. Leider änneren sech de Leit hir Prioritéite mat der Zäit, sou dass ISIKING elo op Äis läit.

  • Wakey - Wakey
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00
  • The happy life
  • -
  • ISIKING
00:00 / 00:00

Meng läscht musikalesch Initiative heescht "OFB" (Open For Business). Et ass e Projet wou all Museker ka matmaachen, d.h. spillen an organiséieren. Fir méi Infos klickt hei.