Cité_jusiciaire_Lux_2.jpg

Justiz

07.01.2022

Parquet & Beamten vun der Pol. Jud. net frou mat menger Meenung

07.01.2022

Ech hunn haut vun der Police judiciaire en Uruff kritt. De Mann war ganz fein, an huet mech gefrot, wéini ech bis bei hien op de Bureau kéint kommen, de Parquet wier nämlech net frou mat menge Meenungsäusserungen am Bezuch op de System, a speziell mat menger Meenung zum Justiz Apparat. Och wier den Här Parage net frou mat menge Froe gewiecht, déi ech him per eMail geschéckt hunn.

Et ass verständlech, dass Leit, déi bewosst oder onbewosst an engem korrupten & kriminelle System schaffen, net frou sinn, wann een, deen dat erkannt huet, seng Meenung dozou ëffentlech seet oder schreift.

Ech hunn dem Här gesot, dass ech just als Mënsch bei hien kommen, an net als di juristesch Persoun, déi mir kuerz no menger Gebuert opgezwonge gouf. Dat huet hien net verstaan. Ech wäert da probéieren him dat ze erkläre wann ech en gesinn.

 

Folgend Mail hat ech dem Här Parage vun der PJ, nom Jugement an 2ter Instanz a menger Anisemitismus Affär, geschéckt:

Moien Här Parage,

 

Sidd dir elo stolz op iech?

Gesitt dir elo är déck Pai als  gerechtfäerdegt?

https://www.isekin.lu/justiz-antisemitismus

 

Ech hoffen dir hutt iech dee gudde Stoff scho

sprëtze gelooss, aus Solidaritéit natierlech, a

well ë jo esou immens hëlleft fir kee Covid méi

ze kréien, an aner Leit net méi unzestiechen.

 

Wake up! Wake up! Wake up!

 

 

LG

 

C.I.

Seng Äntwert publizéieren ech fir de Moment net.

Hei awer nach meng Äntwert op seng Äntwert:

Här Parage,

 

Et gouf guer kee Problem mat menge Publikatiounen. De kriminelle System huet de Problem geschaaf.

All normale Mënsch kann vu senger Gebuert un di mental Kapazitéiten entwéckelen, sech seng eege Meenung iwwert alles ze bilden, wat e mat senge 4 haapt Sënner ophëlt. Kee Mënsch brauch de Staat oder ee Gericht, fir hien viru Saachen ze schützen, wou déi Instanze wëlle gleewen doen, dass si mengen, dat hätt ee schlechten Afloss op Mënschen. Et ass de Mënschen hir Liewensphilosophie déi ausmécht, ob si sech vun äussere Reize positiv oder negativ beaflosse loossen.

Dir wëllt och einfach net verstoen, dass di 2 Urteeler net opgrond vun dem geschwat goufen, wat ech op verschiddene Plattforme publizéiert hunn, mee wéinst menge politeschen Usiichten, also fir mech entweder monddout ze maachen, oder noutfalls aus dem Wee ze raumen, andeem ee mech ewech späert. Dir bleift léiwer an ärer Iddi vun enger heeler Welt. Mee och dir kommt iergendwann net méi dolaanscht iech selwer agestoen ze mussen, wat gewësse Leit, an all Matleefer aus där emol wonnerbarer Welt gemaach hunn.

 

Dir kënnt iech selwer verbidde wat dir wëllt, (dir hutt sou wéi sou net verstane wat ech wollt soen) mee menger juristescher Persoun, déi ech verwalten, kënnt dir just verbidden, wat iech di Mënsch-gemaache Gesetzer erméigleche mir ze verbidden. Déi Gedanken, déi ech als Mënsch ausschwätzen oder schreiwen, déi meng Meenung ausdrécken, kënnt dir mir net verbidden.

Dir wësst jo dass ech zum Schluss vu menge berufflechen Aktivitéite Beamte bei der Stad Lëtzebuerg war. Wat dir awer net wësst, ass, dass ech mech speziell zanter elo bal 2 Joer, wou ech an der INVALIDERENT sinn (an dat net fräiwëlleg), kierperlech & psychesch mat där Aarbecht déi ech fir d'Mënschheet maachen (also och fir iech), an déi fir mech absolut onverzichtbar ass, drop maachen ewéi ni virdrun a mengem Liewen. Dir wäert dat an ärer heeler Schäin-Welt natierlech anescht gesinn, mee bon.

 

Ech hoffen dass dir mir wéinstens dat gleewe kënnt, dass wat ech iech schreiwen net als Ugrëff op iech geduecht ass. Mäi But ass et, iech ze motivéieren, äre mentale Prisong ze verloossen, an der Realitéit an d'Aen ze kucken. Nee, d'Realitéit & d'Wourecht sinn definitiv bei wäitem net esou bequeem ewéi di Matrix & di Illusioun vu Fräiheet an där vill Mënschen nach gefaange sinn, mee se féiert onweigerlech zu engem echte Sinn, an zu där Welt, déi um Ufank fir ons geschaafe gouf, och wann dat net vun haut op muer méiglech ass, well schliisslech ass di Matrix, déi vill Leit nach ëmmer fir real halen, och net vun haut op muer entstanen.

 

Ech wënschen iech op alle Fall, dass dir keen ze traumatescht Erwächen erliewen wäert, oder är Ignoranz esouguer zum verloosse vun dëser Existenz féiert, wat bei ville Séilen, speziell an de leschten 12 Méint, schonn de Fall war.

 

Alles Guddes,

 

Den ISI

(dat sinn ech, well ech identifizéiere mech net méi mat menger juristescher Persoun)